D’Lëtzebuerger Animatiounsbranche setzt en neit Zeechen: Mat “3, 2, 1 – GO!“ entsteet eng Serie, déi vun Zeilt Production an RTL zesumme produzéiert gëtt. Ronn 30 Fachleit hunn iwwer zwee Joer dru geschafft. Jiddwer Episod erzielt d’Abenteuer vu fënnef Teenager, déi an all Folleg eng nei Sportaart entdecken an ausprobéieren.
De Reportage weist, wéi vill Kreativitéit an Technologie hannert der Serie stécht: Vum éischte Stréch um Storyboard, iwwer d'3D‑Modeléierung an de Rigging, bis bei de Motion-Capture, wou déi digital Personnagen hir realistesch Beweegunge kréien. Eng spannend Rees duerch d’Welt vun der Animatioun – made in Luxembourg.