D'Wunnengsnout zu LëtzebuergScreening vun zwou Episode "Service Logement" mat Table ronde am LUCA

RTL Lëtzebuerg
Den 11. Februar weist de Luxembourg Center for Architecture gratis zwou Episode vun der Serie "Service Logement" a Presenz vun der Realisatrice Anne Schiltz.

Net genuch Wunnengen, héich Präisser a Wunnraum an desolatem Zoustand. D’Logementskris zu Lëtzebuerg ass kee Geheimnis. Am Service Logement vun der Stad Lëtzebuerg kommen all Dag Mënsche laanscht, déi net méi wësse wouhin. Op der Sich no engem Daach iwwert dem Kapp oder aus Angscht hiert Doheem ze verléieren, treffe si op Mataarbechter, déi tëscht Drénglechkeet, Gesetz a limitéierte Ressourcë versichen, Léisungen ze fannen. Genee dësen Alldag steet am Mëttelpunkt vun der dokumentarescher Serie “Service Logement”, realiséiert vun der Lëtzebuergerin Anne Schiltz.

Véier Woche laang huet si d’Ekipp begleet. Ënner anerem Kontrollvisitten an Appartementer, Reparaturen, sozial Enquêten, mee och déi schwéierst Momenter, wéi d’Begleedung bei Expulsiounen, goufe vun der Kamera festgehalen. Gläichzäiteg mécht “Service Logement” och Plaz fir dat, wat d’Ekipp vum Service zesummenhält: Solidaritéit, Resilienz an heiansdo och Humor tëscht de Kolleeginnen a Kolleegen.

Et gi keng klassesch Interviewen a keng zousätzlech Informatiounen. D’Biller schwätze fir sech an d’Realisatrice wollt domat genuch Raum fir Interpretatioun an Emotioun loossen. “Service Logement” bitt domat e rare Bléck hannert d’Kulisse vun engem Service, deen ënner héijem Drock steet, an op eng sozial Realitéit, déi dacks onsiichtbar bleift.

Den LUCA, de Luxembourg Center for Architecture, weist den 11. Februar zwou vun aacht Episoden a Presenz vun der Realisatrice Anne Schiltz. Am Uschloss gëtt et eng Table ronde mam Antoine Paccoud, Fuerscher beim LISER, dem Anouck Speltz, Responsabel beim Service Logement vun der Stad an dem Céline Zimmer, Architektin a Chercheuse bei Less Yellow. De Screening am LUCA ass gratis, allerdéngs muss ee sech um Site vum LUCA aschreiwen.

Déi aktuell Episode vun der Serie “Service Logement” fannt Dir op RTL Play:

Back to Top
CIM LOGO