Am Kader vun dësem Gebuertsdag ass den ILL schonn zanter e puer Méint mat engem Cabaretsowend op Tour uechter d’Land. “Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet” nennt sech de Projet, dee sech mat den Ongereimtheeten an der Lëtzebuerger Geschicht beschäftegt.
D’Frédérique Colling an de Jacques Schiltz geheien zesumme mam Public e Bléck op Lëtzebuerg a seng historesch Narrativen a virun allem op d’Mythen an Hallefwourechten dorënner. Dat Ganzt a kuerze, witzgen Zeene mat vill verschiddene Personnagen, wéi dem Jang de Blannen an dem Grof Siegfried.
Opgedeckt an diskutéiert ginn, ënnert aneren, Ongereimtheeten ëm de Klëppelkrich, ëm d’Friemherrschaft an ëm de Grënnungsdatum vu Lëtzebuerg. “Kleng Ligen iwwer Onofhängegkeet” ass e liewege Mix aus Discoursen, aus musikalesche Momenter an esouguer aus Zeenen, déi an d’Radio-, respektiv Videoformat iwwersat goufen.
Déi zwee Schauspiller hunn dëse Projet an Zesummenaarbecht mam Dréihbuchauteur Maurice Sinner a mat der Dramaturgin a Regisseurin Claire Wagener ausgeschafft an inzenéiert. Fir déi historesch Pertinenz vun de Sketcher ze iwwerpréiwen, hat d’Ekipp sech den Historiker Antoine Lazzari un d’Säit geholl.
Bis de 24. Abrëll 2026 huet ee nach 3 Mol d’Geleeënheet, Deel vun dësem Cabaretsowend ze sinn. De 16. Januar am Cube 521 zu Maarnech, de 7. Mäerz am Artikuss zu Zolwer an de 24. Abrëll am Trifolion zu Iechternach.