BasketballSparta ass de Coupe-Gewënner bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg ginn an der Arena vun der Coque um Kierchbierg d'Finallen vun der Coupe am Basketball gespillt.

Am Lalux Ladies Cup bei den Dammen setzt sech d’Sparta Bartreng mat 64:61 géint den T71 Diddeleng duerch a feiert domat den drëtte Coupetitel bei den Dammen an der Veräinsgeschicht.

Diddeleng huet besser an de Match fonnt a louch nom éischte Véierel 17:12 a Féierung. Um Enn vum zweete Véierel huet Bartreng mat engem staarke Laf reagéiert an de Match bis zur Paus gedréint. No Dräier vu Wolff, Mersch, King a Yoerger war d’Sparta an der Paus 35:31 fir.

E klenge Schock gouf et fir Diddeleng am drëtte Véierel, d’Catherine Mreches huet sech blesséiert an huet missen behandelt ginn, d’Nationalspillerin konnt duerno nëmmen nach eemol kuerz agesat ginn. Bartreng huet profitéiert a konnt de Virsprong weider ausbauen an ass mat enger 54:46 Féierung an de leschte Véierel gestart.

Diddelenger Comeback kennt ze spéit

Wéi Sparta scho wéi de séchere Gewënner ausgesinn huet, konnt Diddeleng an der Schlussphas nach emol fir Spannung suergen. Um Enn konnt Bartreng eng ganz knapp Victoire feieren.

Mat 22 Punkten huet d’Jordan King bei der Sparta am beschte getraff, d’Aryana Quezada koum op 16 Punkten a 16 Rebounds.

Ab 20:15 Auer gëtt d’Finall an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg bei den Hären tëschent der Etzella Ettelbréck an der Arantia Fiels gespillt.


D’Resultater vun der Coupe am Iwwerbléck

Dammen

Back to Top
CIM LOGO