D’Berthe Lutgen gouf 1935 gebuer an huet schonn als Kand ëmmer gär gemoolt. Nom Lycée ass si op Paräis an duerno op München, Düsseldorf a Bonn studéiere gaang, ier si an de 70er Joren ugefaangen huet zu Lëtzebuerg als Konschtproff ze schaffen.
Zanter de 60er Jore moolt d'Kënschtlerin bal haaptsächlech Biller vu Fraen an ass och fir hire feministeschen Engagement am Land bekannt. D’Berthe Lutgen huet an hirer Zäit scho vill Biller gemoolt an déi ënnerschiddlechst Themen zum Ausdrock bruecht. Och an de leschte Joren hunn déi eng oder aner grouss Evenementer si inspiréiert. Esou huet si sech a verschiddene Molereien zum Beispill mam Fraestreik 2020, oder dem Corona-Lockdown auserneegesat. D'Molerei ass hire léifsten Hobby an d'Kënschtlerin hat ni e Gedanken eng aner Konschtrichtung auszeprobéieren. Och hire figurativen a faarwege Molstil ass iwwer hir ganz Karriär ëmmer nämmlecht bliwwen. Vill vun hire Molereie gehéiere Sammler, oder hänken a Muséeën, esou zum Beispill och eent vun hire gréisste Wierker, "La Marche des femmes", wat viru kuerzem nach am Mudam an der Ausstellung "Seven Paintings – Seven Encounters" ze gesi war.
An hirem Kandheetshaus zu Beetebuerg, wou déi mëttlerweil 90 Joer al Kënschtlerin nach ëmmer mat hirem Mann wunnt, huet si natierlech och vill vun hire Wierker hänken an hei gesäit een, dass och heiansdo keng Fraen op de Biller ze gesi sinn. Am Lockdown 2021 zum Beispill, huet sech d'Kënschtlerin missen nei inspiréiere loossen. D'Iddie fir hir Molereie stamen oft aus dem Alldag, oder sinn un an aktuellen Evenementer inspiréiert. Dobäi kënnt meeschtens eng laang Recherche um Internet, ier d'Kënschtlerin sech an hirem Atelier bei d'Toile sëtzt. Egal wéi vill d'Berthe Lutgen scho gemoolt huet, hir Freed un der Konscht gëtt net méi kleng an hir Kreativitéit ass net ze bremsen.