
Zil vun der Kontroll war et, fir ze kucken, ob d'Bistroen d'Gesetzer anhalen a fir Drogen- an Immigratiounsdelikter festzestellen.
An engem Bistro an der Rue Joseph Junck huet den Drogenhond bei direkt e puer Persounen ugeschloen, esou datt dës Leit méi genee kontrolléiert goufen. Bei enger vun dëse Persoune gouf dann och nach eng Pistoul an eng gréisser Zomm Boergeld séchergestallt. D'Waff, esou hunn d'Ermëttlungen erginn, war geklaut. De Parquet huet de Verdächtege verhafte gelooss an deen hat e Freideg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
Déi aner Persounen, déi Droge bei sech haten, goufe protokolléiert. Am Ganze ware 24 Polizisten, dorënner ee Member vun der Hondsstaffel, am Asaz.