Un der Spëtzt vun de Stater Pompjeeë gëtt et elo geschwënn e Wiessel. D'Annick Baustert gëtt nei Cheffin, well den éischte Juni geet deen aktuelle Kommandant Serge Heiles no 8 Joer op deem Posten an d'Pensioun. Déi 38 Joer al Offizéiesch war schonn zanter e puer Joer Chef adjoint vum Centre d'Incendie et de Secours (CIS) an der Stad.
Zenter 12 Joer ass d'Annick Baustert bei de Stater Beruffspompjeeën. Deemools war si déi éischt Fra an der Kasär op der Areler Strooss. Als Offizéier war si am Ufank fir Ausbildung vun den neie Pompjeeën zoustänneg. Hiren eigentleche Beruffswonsch war Fierschter. Eréischt 2012 huet si bei de fräiwëllege Pompjeeën an der Gemeng Monnerech ugefaangen. "Esou sinn ech do erakomm an déi Welt. An du wousst ech zimmlech séier, dass ech awer vläicht iergendwann eng Kéier wéilt bei d'Beruffspompjeeën. Awer well do nach keng Fra war, hunn ech mech am Ufank gefrot, ass et iwwerhaapt méiglech, bei d'Beruffspompjeeën ze kommen als Fra. Mä dunn 2014 hunn ech dunn awer bei de Beruffspompjeeën an der Stad Lëtzebuerg ugefaangen", erkläert déi nei Kommandantin.
Nieft hirem Beruff engagéiert, d'Annick Baustert sech éierenamtlech an der Hondsstaffel vum Roude Kräiz. Vill änneren am Centre d'Incendie et de Secours an der Stad wëll si net. Just d'Integratioun an den CGDIS wëll si virun dreiwen.