Tëschent Studio a SchoulbänkD'Sektioun "Production musicale" am Lycée Michel Lucius

Marlène Clement
Et ass den Dram vu ville Museksbegeeschterten a kreative Käpp: Musek net nëmmen an der Fräizäit maachen, mee iergendwann och Fouss an der Museksindustrie faassen.

Zanter der leschter Schoulrentrée bitt de Lycée Michel Lucius eng nei Sektioun un, déi de Schüler deen Dram ee Stéck méi no bréngt.

Vun den 30 Stonnen d'Woch sinn 9 Stonne Cours kompletter Musek dediéiert. Am Fokus steet net d'Musekstheorie, mee d'Praxis, also Toun ophuelen, Lidder produzéieren oder Concerte live mixen. Kompetenzen, déi am Kultursecteur gesicht a gebraucht ginn, ënnersträicht de Museksenseignant, Ben Konen.

An der Museksindustrie an am Evenementiel géif et e Manktem un Aarbechtskraaft ginn. Vun der neier Sektioun versprécht ee sech, de Schüler déi verschidde Beruffer méi nozebréngen an esou parallel kënnen dem Manktem un Aarbechtskraaft an der Branche entgéint ze wierken.

D'Kënschtlech Intelligenz spillt ëmmer méi eng grouss Roll an der Museksindustrie. All Dag ginn Dausenden nei KI-generéiert Lidder op Streaming-Plattformen eropgelueden. Als Gefor gesäit de Ben Konen dat awer net. Et wier wichteg, datt d'Schüler verstinn, wéi d'KI an der Museksproduktioun fonctionéiert, datt se duerno kritesch kéinte bewäerten, ob d'KI wierklech eppes Qualitatives bitt oder net a se och richteg benotze kënnen.

De Museksenseignant ass iwwerzeegt, de Museker op der Bün oder och den Tountechniker als kritescht Ouer kéinten nach esou bal net duerch eng KI ersat ginn.

Back to Top
CIM LOGO