Si waren e Freideg schonns déi verschidde Blummen a Wisekraider laanscht d’Weeër sichen, esou munch een huet och Planze vun doheem matbruecht.
Den Detail vum Brauch ännert jee no Géigend. Et wuesse jo net iwwerall déi selwecht Planzen, dofir kéim mol méi, mol manner an de Wësch. Hei ginn ënnert anerem eng Sonneblumm, Dausebliedchen a Majoran mat dra gebonnen. D’Muerten hätt ee soss fir d’Kanner dra gemaach, erkläert d’Mireille Molitor vun Natur an Ëmwelt Nordstad. Déi hätte se da meeschtens réi giess. D’Zwiwwel, déi normalerweis och an de Wësch kënnt, koum fréier mat an d’Zopp an d’Käre goufen d’Joer drop mat geséint. D’Kraider goufe fréier op de Späicher gehaangen, fir d’Haus, den Haff, d’Véi an d’Leit géint all Onheel ze beschützen.
Et ass en ale Brauch, deen d’Chrëschten am 6. Joerhonnert iwwerholl hunn. Zäitlech huet e gutt op Mariahimmelfaart gepasst, well d’Heelkraider hunn ëm de 15. August hir stäerksten Intensitéit. Dat Ganzt wier awer en heednesche Brauch gewiescht. D’Göttin Freya war der Fruchtbarkeet an dem Akerbau gewidmet, esou d Béatrice Casagranda vun der Nordstad Sektioun. D’Leit hätten hir schonns deemools Planzen a Blumme duerbruecht. D’Réimer hätten de Brauch herno iwwerholl a vue datt déi meeschte Planzen am August an der Bléi sinn, hu si et du gefeiert.
Vill Leit géingen nees méi op déi lokal Heelkraider vertrauen an déi och doheem versuergen. Haut wier dee reliéisen Aspekt net méi grad esou wichteg, éischter dee kulturellen. De Krautwëschdag gehéiert jo zanter leschtem Joer zum immaterielle Weltkulturierwen. D’Benevole géifen de Brauch schonn 30 Joer laang fleegen, erkläert d’Mireille Molitor. Si goufen iwwer dee Wee vum Kulturministère ugeschwat, fir d’Traditioun vun der Unesco unerkennen ze loossen. Doropshin hätte si sech mat anere Veräiner zesumme gedoen, fir d’Demande ze maachen. Déi gouf d’lescht Joer och ugeholl.
D’Krautwësch ginn e Sonndeg de Moien, wéi d’Traditioun et verlaangt, an der Mass geseent. Duerno kënnen d’Leit se da géint e klengen Don mat heem huelen. D’Sue gi méi spéit fir de Naturschutz agesat.