Iwwerreechung vu Palme d'OrE Samschdeg ass de bekannte Filmfestival op en Enn gaangen

Tom Dockal
5 Joer no senger Palme d'Or fir de Film "The Square" ass de schwedesche Realisateur Ruben Östlund an de Club vun den zweefach Palme-Priméierten agetrueden.
Enn vum Filmfestival Cannes mat "Palm d'Or"-Iwwerreechung
5 Joer no senger Palme d’Or fir de Film “The Square” ass de schwedesche Realisateur Ruben Östlund an de Club vun den zweefach Palme-Priméierten agetrueden.

Palme d’Or zu Cannes - Rep. Tom Dockal

E Samschdeg den Owend ass mat der Iwwerreechung vun der Gëllener Palm déi 75. Editioun vum Filmfestival vu Cannes op en Enn gaangen. D’Jury, vum franséische Schauspiller Vincent Lindon presidéiert, huet dobäi e Realisateur ausgezeechent, dee schonn eng Palm huet an huet donieft och mat enger ganzer Rëtsch Iwwerraschungen opgelauert.Fënnef Joer no senger Palme d’Or fir de Film “The Square” ass de schwedesche Realisateur Ruben Östlund an de Club vun den zweefach Palme-Priméierten agetrueden. Säin “Triangle of Sadness”, eng batterbéis Gesellschaftskritik vun engem Film an Ofrechnung mat Superräichen, huet d’Jury z’iwwerzeege gewosst. “Un film choquant” huet et vum President Lindon geheescht. “Triangle of Sadness” konnt sech domadder géint déi 20 aner Filmer aus der Kompetitioun duerchsetzen.Dat huet d’Jury awer net dovunner ofgehalen, iwwerduerchschnëttlech vill Filmer auszezeechnen. Dacks iwwert e breede Spektrum. Zwee Präisser sinn “ex aequo” in zwee Wierker gaangen. De Grand Prix goung engersäits un d’Claire Denis an hire kontroverséierte Bäitrag “Stars at Noon”, anerersäits u “Closer” vum Belsch Lukas Dhont. Belsche Kino koum och soss gutt ewech. “Le otto montagne” vum Regiduo Felix Van Groeningen a Charlotte Vandermeersch krut de Prix du jury. Zesumme mam Jerzy Skolimowski fir säi Film “EO”, deen d’Liewe vun engem Iesel am Zentrum hat.De koreanesche Kino hat och Grond genuch, fir sech ze freeën. De Präis fir déi beschte Mise en scène goung un den Oldboy-Realisateur Park Chan-Wook fir säi Krimi/Libesfilm “Decision to Leave” an de männlechen Interpretatiounspräis goung un de Koreaner Song Kang-Ho, deen am Film “Broker” vum Japaner Hirokazu Kore-Eda gespillt huet.Zwee weider Präisser waren och politesch motivéiert. De Präis vum beschten Dréibuch goung un den ägyptesche Realisateur Tarik Saleh fir säi Wierk “Boy from Heaven” an déi bescht Interpretin war laut Jury d’Zar Amir Ebrahimi, déi am Ali Abbasi sengem Kompetitiounsfilm Holy Spider eng Haaptroll hat. Béid Artiste liewen am Exil.An déi op Liewenszäiten zu Cannes abonéiert Dardenne Bridder krute fir hiren 9. Film an der Kompetitioun de spontan agefouerte Prix du 75e, engem eenzegaartege Präis zum 75. Gebuertsdag vum Festival.

Hei de Bilan vun der Lëtzebuerger Selektioun!

Bilan 2022 : les coproductions luxembourgeoises en sélection à Cannes remportent de beaux prix!

Communiqué par : Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Avec un record de 6 sélections officielles pour cette 75e édition du Festival de Cannes, le Luxembourg n’est pas reparti les mains vides en remportant 3 prix dans la sélection « Un Certain Regard » : un cru exceptionnel pour des talents hors pair!

Avant la remise de la Palme d’or 2022 au Festival de Cannes samedi soir, le jury de la sélection « Un Certain Regard », première section parallèle du Festival qui met en avant le cinéma d’auteur et de découverte, a récompensé 2 coproductions luxembourgeoises : CORSAGE de Marie Kreutzer (Samsa Film) et HARKA de Lotfy Nathan (Tarantula Luxembourg). L’actrice luxembourgeoise Vicky Krieps, qui tient le rôle de la célèbre impératrice d’Autriche dans CORSAGE, une Sissi rebelle et féministe, a remporté le prix de la meilleure performance aux côtés de l’acteur français Adam Bessa qui tient le rôle d’Ali dans HARKA, un jeune Tunisien qui mène une existence précaire en vendant de l’essence au marché noir, et qui rêve malgré tout d’une vie meilleure.

Un 3e Prix a également été décerné sur la Croisette pour le Luxembourg et c’est encore pour le film CORSAGE qui a reçu le Prix de la Meilleure Création Sonore* récompensant les équipes luxembourgeoises de production son : Carlo Thoss/Alain Goniva et de post-production (Philophon Studios, Philippe Kohn/Michel Schillings) avec e.a. Lieven Verbraeken, Loïc Collignon, Nicolas Leroy, Angelo Dos Santos, Philippe Deschamps, Vincent Maloumian & Ken Nnganyadi.

*Ce prix, créé par l’association La Semaine du Son a pour objectif de récompenser l’excellence sonore dans un film « parce qu’elle sublime la perception artistique, sémantique et narrative du spectateur ».

Ce palmarès dénote une fois encore la vitalité du cinéma luxembourgeois honoré au Festival de Cannes grâce à ses talents, son savoir-être et son savoir-faire! Une édition qui restera gravée dans les mémoires et poussera sans nul doute nos cinéastes nationaux vers d’autres succès.

*Pm. 6 films étaient en sélection au 75e Festival de Cannes:

Sélection officielle « Un certain regard »

Corsage coproduit par Bernard Michaux et réalisé par Marie Kreutzer(avec Vicky Krieps dans le rôle de Sissi et Jeanne Werner dans le rôle d’Ida Ferenczy, noble hongroise au service de l’impératrice Elisabeth).

Plus que jamais (More than ever) coproduit par Jani Thiltges (Samsa Film)et réalisé par Emily Atef (avec Vicky Krieps dans le rôle principal)

Harka coproduit par Donato Rotunno (Tarantula Luxembourg) et réalisé par Lotfy Nathan.

Sélection officielle « séance événement » - film en lice pour la Caméra d’Or (meilleur premier film)

Le petit Nicolas – Qu’est-ce qu’on attend pour être heureux ?produit par Lilian Eche et Christel Henon (Bidibul Productions) et réalisé par Amandine Fredon et Benjamin Massoubre d’après l’œuvre de René Goscinny et Jean-Jacques Sempé.

Sélection officielle « séance de minuit »

Rebel coproduit pas Jésus Gonzalez (Calach Films) et réalisé par Adil El Arbi et Bilall Fallah avec les acteurs luxembourgeois Tommy Schlesser et Nassim Rachi.

« Quinzaine des Réalisateurs » - film en lice pour la Caméra d’Or (meilleur premier film)

Pamfir coproduit par Adolf El Assal (Wady Films) et réalisé par Dmytro Sukholytkyy-Sobchuk.

Back to Top
CIM LOGO