"Poesie Plus" ass en Treffpunkt fir eng alternativ Kulturzeen, déi Loscht huet, Literatur am Kollektiv ze erliewen. Evenementer ronderëm déi geschriwwe Konscht hätten et net ëmmer einfach, ma awer vill Potential. D'Kufa huet sech getraut, ze experimentéieren an dëse Festival op d'Been ze stellen. De Georges Goerens, deen d'Programmatioun fir de Festival gemaach huet, erzielt:
"Literatur ass e Format, wat fir d'Live-Performance net esou zougänglech ass an do war eis Motivatioun einfach ze kucken, wat kënne mir do eraus huelen, wou kënnen d'Leit wierklech d'Auteure begéinen an Texter a wéi kann dat iergendwéi eng lieweg Experienz sinn. Wat eis wichteg war, dat ass och eng Communautéit opzebauen."
Virun allem mat Musek gëtt bei Poesie Plus fir Stëmmung gesuergt. Den Antoine Pohu an d'Elisabeth Scheuren weisen e Samschden an der fragmentarescher Performance "Ech dreemen ewech a falen a Lächer", zum Beispill, wéi Text a Xylophon openee passen.
Et mussen awer net ëmmer douce Kläng sinn, och mat déiwe Gittarsmelodië kann ee Literatur verbannen. Esou maachen et, och e Samschdenowend, den Tom Nisse an de Richard Comte, déi allen zwee selwer aus der alternativer Zeen kommen.
Lass geet de Festival e Freidenowend. Hei kritt een zum Beispill dem Gewënner vum Literaturpräis, Ian de Toffoli, säin Text "Léa ou la théorie des systèmes complexes", virgedroe vun der Céline Camara, zesumme mat Musek vun der Lëtzebuerger Metal Band "Scarred", ze héieren.
Dee ganze Festival Poesie Plus leeft bis e Sonnden. Da gëtt net an der Kufa, mee am Zentrum vun Esch gefeiert, wou och e Programm fir e jonke Public ugebuede gëtt.