
D’Handyen am Kino si mëttlerweil zur Pescht ginn. Um Festival hat ech gehofft, dovu verschount ze bleiwen. Trotzdeem ass et mer zweemol passéiert, dass ech hu missen zwee Ecrane matenee kucken. Besonnesch inacceptabel awer war de Fait, dass an enger Seance, an där och den internationale Jury souz, e Member vum Lëtzebuerger Pressejury, dee vun der “Associatioun luxembourgeoise de la presse cinématographique” delegéiert gouf, eng ganz véierel Stonn laang an der éischter Rei, also gutt siichtbar fir d’Leit hannendrun, säin Handy consultéiert huet. All weidere Commentaire eriwwerreecht sech do.
Nodeem ech elo déi 7 Filmer an der Kompetitioun gesinn hunn, muss ech feststellen, dass nach ni de Programm esou exigent, esou élitaire war wéi dëst Joer, vir nach iergendwéi positiv Termen ze benotzen. Verschidden Aspekter vun de 4 Filmer, déi ech hei beschwätzen, si wuel thematesch an ästhetesch net oninteressant. Zugläich hu se mech awer och genervt, duerch hir formal Approchen a besonnesch hir onnéideg Längten.
Am SILENT LAND gëtt eng éischter steif polnesch Touristekoppel confrontéiert mam accidentellen Doud vun engem illegale Migrant, deen hire Pool an enger schicker italienescher Villa flécke sollt. Séier kommen Zweiwel op, ob d’Koppel alles Néideges gemaach huet, fir de Mann ze retten. Zimmlech séier weess een och wat richteg gelaf ass. D’Kritik u Mangel vun Empathie fir d’Migrantesituatioun, duerch ënnert anerem déi truquéiert Police-Enquête, ass och séier als Thema identifizéiert. Bleift natierlech nach den Impakt vum schlechte Gewëssen op d’Koppel, déi no an no zerbréckelt, eppes wat mer schonn 100 Mol am Kino gesinn hunn. Fir dat alles visuell ze ënnersträichen, gëtt op zimmlech offensichtlech Symbolik zeréckgegraff, wéi laangt schwenke vum Mier op de Pool, Fënster-Storen, déi reegelméisseg erop en erof gezu ginn, oder d’Entréespaart, déi net méi wëll richteg fonctionéieren. Dat ass alles attraktiv gefilmt, wann och net ganz originell, a bleift och eng gewëssen Zäit interessant ze suivéieren. Spéitstens no enger Stonn, ass awer alles gesot an et waart ee just genervt drop, datt de Film endlech eriwwer ass.

Ech hat mech ganz skeptesch a besuergt a mengem éischte Blog iwwert den neie Label “Out of the Box” ausgedréckt. Duerch hiren hybride Charakter kruten déi zwee Kompetitiounsfilmer “Jack’s Ride” an “Atlantide” dëse Label. JACK’S RIDE ass e Melange vun Dokumentar- a Fiktiounsfilm, iwwert en eelere portugiseschen Chômeur, dee kuerz virun der Pensioun steet. Mir suivéieren hien, wärend e just ‘pro forma’ op der Sich no engem Job ass, an iwwert seng Beruffserfarungen an den USA schwätzt. Ech froe mech, wat dëse Film an enger Kompetitioun ze sichen huet, an ob et dann elo wierklech näischt méi Interessantes ze weise gouf, wann ee just 8 Filmer erauszesichen huet. Domat ass fir mech d’Kapitel “Jack’s Ride “ofgeschloss!
ATLANTIDE ass nach méi hybride: e Mix vun Doku a Videoart, e puere formalen Exercice. De Film vermëttelt en diffuust Liewensgefill vu méi oder wéineger désoeuvréierte Jugendlechen, déi an der Lagun vu Venedeg sech mat Bootscoursë beschäftegt halen. Déi eng oder aner Zeen vermëttelt och eng vage Kritik um Massentourismus, soss seet de Film net vill aus. Déi zimmlech impressionnant Biller an och d’Musek üben zwar eng gewësse Faszinatioun aus, déi awer erëm op d’Dauer midd maachen, well se einfach keen Enn kréien.

Och den Ukrainesche Film REFLECTION mécht näischt, fir sech beim Spectateur beléift ze maachen. An dobäi schwätzen ech net vun e puer extrem brutale Sequenzen, mee éischter vun der Form vum Film, dee bal nëmmen aus extrem laangen, fixe Pläng besteet, an deene sech dann d’Personnagë meeschtens net vill an net séier beweegen. An der Ufankssequenz, fir d’Thema ze installéieren, acceptéiert een nach déi symbolesch Zeen, wou d’Kanner am Hannergrond Paintball-Krich spillen, wärend déi Erwuessen iwwert hiert Positionnement zum Krich am Donbass diskutéieren. Wa spéider a laange Sequenzen d’Krematioun, op där enger Säit, vun zum Doud torturéierten Zaldoten, dann op där anerer, déi vun enger doudeger Dauf, géinteniwwergestallt ginn, fänkt dat u plomp ze wierken. De Sommet vun dëser ‘bedeutungschwangerer’ Symbolik ass awer d’Metamorphose vum Impakt vun der Dauf op der Fënster vum Appartement, an eng Aart Gespenst oder wuel carrement eng Séil, dëst nodeem de Papp e laangt Gespréich mat senger Duechter hat, iwwert d’Relatioun tëschent Kierper a Séil a verschiddene Reliounen. Dobäi erzielt de Film eng extrem dramatesch, staark a potentiell emotional Geschicht iwwert Engagement, Krich, Doud, a Resilienz, déi hei awer op esou eng konzeptuell an artifiziell Manéier ëmgesat gëtt, dat de Film wuel kaum ausserhalb vum konfidenzielle Festival Circuit e Publikum dierft fannen.

Ech kann och nach verstoen, dass d’Selectionneurë vum LuxFilmFest d’Demarche vum ukrainesche Realisateur net als kënschtlech, mee als kënschtleresch a poetesch bewäerten. Esou e Film ass och aktualitéitsbedéngt an enger Programmatioun ze vertrieden. De Festival muss sech awer d’Fro stellen, wat esou eng kompromësslos, elitär, pretentiéis Programmatioun soll, an där just “Prayers for the Stolen”, villäicht och nach “Hit the road” iergendwéi attraktiv ze kucke sinn. De Rescht kënnt intellektueller Tortur ganz no, wann d’Filmer dann net carrement bedeitungslos oder schlecht sinn.
D’Zuschauerzuele vum Festival, wat d’Kärstéck, also déi zwou Kompetitiounen ubelaangt, trëppelen zanter Joren op éischter niddregem Niveau op der Plaz. Trotz de Jaugen an de Säll dëst Joer sinn an deene Seancen, déi ech besicht hunn, vill vun den nach disponibele Plaze fräi bliwwen. De Covid erkläert do nach laang net alles. D’Kompetitioun war all déi Jore virdrun, iwwregens bis d’lescht Joer ëmmer mat 10 Filmer, ganz exigent, villäicht ze vill. Mee se war awer bei wäitem méi equilibréiert. De Festival muss sech froen, ob ee wëll weiderfueren, mat esou enger intellektueller Wichserei (sorry fir den Term) wéi dëst Joer, oder ob e sech net misst opmaachen, fir e bësse méi e breede Publikum.
Esou eng Programmatioun wéi dëst Joer wëll ech mer net nach eng Kéier op d’Long zéien.
LuxFilmFest 2022 - Blog 1
LuxFilmFest 2022 - Blog 2
LuxFilmFest 2022 - Blog 3
LuxFilmFest 2022 - Blog 4