
“Was ich mit Luxemburg verbinde, dass es ein kleines, aber starkes Land ist, in dem man mehrere Sprachen spricht“, seet déi däitsch Sängerin. Lëtzebuerg wier fir si och mat Europa verbonnen.
Hir lescht Tour war fir si eng nei Erausfuerderung: “Ich habe zum ersten Mal so eine große und lange Tournee gespielt […] über drei Stunden jeden Abend.“
Besonnesch wichteg ass fir si de Song “Vincent“. Virop war e ganz perséinlech gemengt, haut huet en eng méi grouss Bedeitung:
“Heute ist dieser Song so groß […] dass ich auf dieses Lied wirklich sehr stolz bin.“
De Song huet an Däitschland, Éisträich an der Schwäiz vill Diskussiounen ausgeléist an eng wichteg Roll fir d’LGBTQ-Communautéit gespillt.
Inspiratioun fënnt d'Sarah Connor virun allem an der Natur.
“Die Natur inspiriert mich immer […] das Meer und der Wald.“
Op d’Fro, wat fir ee Message se mat der Musek un d’Fans wëll viruginn, seet d’Sarah Connor:
“Lass dich nie abbringen […] wenn dein Instinkt dir sagt, dass dieser Weg der richtige ist, dann musst du diesem Weg folgen.“
Nieft dem Concert gëtt et fir d’Fans nach eng extra Chance. RTL verspillt e Meet & Greet mat der Sängerin, fir de Concert en Donneschdeg 7. Mee an der Rockhal. De Concert gëtt organiséiert vum Atelier.
Mir hunn d'Sarah Connor gefrot, ob si scho mam Michael Jackson op der Bün stoung. Stëmmt dat? Oder stëmmt dat net? Wann Dir mengt datt et stëmmt da schéckt RTL 1 op de 62468 fir 50 Cent de Message. Wann Dir der Meenung sidd, dat wier net richteg, dann RTL 2 op de 62468 fir 50 Cent de Message.
Aus all de richtegen Äntwerte gëtt de Gewënner e Mëttwoch géint 18:15 Auer ermëttelt.