Kënnt den 10. Juli eraus"Foreign Tongues": The Rolling Stones annoncéieren neien Album

RTL mat AFP
Bal dräi Joer nom Succès vun "Hackney Diamonds" hunn d'Rolling Stones en Dënschdeg hiren neien Album "Foreign Tongues" ugekënnegt, deen den 10. Juli erauskomme soll.
Vu lénks no riets: de Ronnie Wood, de Mick Jagger an de Keith Richards bei der Annonce vum neien Album de 5. Mee 2026 zu New York.
Vu lénks no riets: de Ronnie Wood, de Mick Jagger an de Keith Richards bei der Annonce vum neien Album de 5. Mee 2026 zu New York.
© MICHAEL LOCCISANO/Getty Images via AFP

Déi brittesch Kultband The Rolling Stones huet en Dënschdeg ugekënnegt, dass si den 10. Juli en neien Album mam Titel "Foreign Tongues" erausbréngen. Mat dëser neier Plack komme se manner wéi dräi Joer no hirem erfollegräichen Album "Hackney Diamonds" nees zeréck.

Dëse war vu Kritiker gelueft ginn a stoung an den Charts vu ville Länner ganz uewen. No enger Paus vu bal zwanzeg Joer virun "Hackney Diamonds" kënnt dann elo schonn dee 25. Studioalbum vun der Band eraus.

Op "Foreign Tongues" ginn et och bekannte Museker, wéi de fréiere Beatles-Bassist Paul McCartney an de Sänger vun The Cure Robert Smith, als Gäscht ze héieren. Parallel zur Ukënnegung vum neien Album huet d'Band och eng nei Single mam Titel "In the Stars" verëffentlecht.

Op Instagram gouf e Video gewisen, wou de Sänger Mick Jagger an de Band-Matgrënner Keith Richards, béid 82 Joer al, zesumme mam Bassist Ronnie Wood (78) am Studio schaffen.

Back to Top
CIM LOGO