
Am Detail geet et ëm dräi Virfäll, an déi d'Ugekloten op verschidde Manéieren implizéiert waren.
Een dovunner ass op enger Tankstell geschitt, wou e Mann geklaut hat. De Beamten hat dësen op relativ brüsk Manéier immobiliséiert, andeems hien him d’Been ewech geschloen hat. D’Vertriederin vum Parquet huet drop higewisen, dass d’Kamerabiller weisen, dass d’Persoun do stoung an net geflücht ass. Dobäi gouf vun dëser Aktioun och näischt an engem Bericht festgehalen.
Zwou weider Aktioune waren dann och gefilmt ginn. An engem Fall hunn zwee Beamten en alkoholiséierte Mann, deen am CHL randaléiert hat, ofgeholl. Dëse sollte se an d’Ausniichterungszell féieren. Do ukomm, hätt den alkoholiséierte Mann ëmmer nach net kéinten trëppelen. Well den Ugekloten deen Ament Problemer mat der Bandscheif soll gehat hunn an seng Co-Equipière net staark genuch war, fir de Mann ze schleefen, hu si hie mam Bauch a mat den Handschellen um Réck op eng Zort Briet mat Rieder geluecht. Esou hu si e bis an d’Zell gefouert. Dobäi hunn si d’Aktioun deels mam Handy gefilmt.
Och bei enger drëtter Affär, mat engem weidere Polizist, war dat de Fall. Hei hat de Beamten e schmächtege Mann ënnert d'Äerm gegraff an e puer Mol esou gehuewen, wéi wann e géing Gewiichter hiewen. Dobäi hunn d’Beamten an de Mann selwer och gelaacht. De Beamte seet haut, dass hien dat net hätt dierfte maachen. Et géing och keng Erklärung dofir ginn.
Dës Videoe sinn och op Handye vun de jeeweils aneren ugeklote Beamte gelant. Den Chat-Austausch tëscht dem Beamten, deen de Mann virun der Tankstell gerannt huet, an deem, deen een anere Mann um Kommissariat opgehuewen hat, werft da kee gutt Bild op si. "Ass dat och ee vun denger Todesliste", huet hie säi Kolleeg gefrot, an him d’Opname vu senger presuméierter Immobilisatioun geschéckt. Weider huet hie geschriwwen, dass déi al Zäite missten zréck kommen. Vun elo u géingen et der nees méi an d’Zänn ginn.
Géint zwee vun de Beamte freet d’Procureure eng Prisongsstrof vun 2 Joer an eng Geldstrof. Géint de Polizist, deen de Mann op der Plack mat Rieder transportéiert hat, freet de Parquet 1 Joer Prisong an eng Geldstrof.
Wat de Fall vun der Tankstell ugeet, seet den Affekot, dass et e Motiv ginn hätt. Iwwert d’Method kéint een diskutéieren, wat säi Mandant jo géing zouginn. Hien sou wéi d’Affekote vun den aneren zwee suspendéierte Poliziste froen de Fräisproch. Et kéint een hei eventuell en disziplinaresche Volet evoquéieren, mee hei wier een um Penal, huet ee vun den Affekoten ugemierkt.
D’Urteel an dësen Affairë gëtt de 25. Juni gesprach.