
De Virfall war e Sonndeg géint 1 Auer an der Nuecht an huet “kleng Schied” un enger vun den Entréeë vum Gebai hannerlooss, wéi d’Police matdeelt. Et hätt keng Doudesaffer oder Blesséierter ginn. Der Police no wier een a Kontakt mat der Ambassade an et wieren eng sëllege Beamten op der Platz. Wéi et zu der Explosioun koum, wier bis ewell nach net gewosst.
Enquêteuren hunn d’Plaz vun der Dot analyséiert, iwwerdeems Hënn, Dronen, Helikopteren op der Sich no “engem oder méi potenziellen Täter” waren, esou d’Police. “Mir hunn dräi Explosioune gespuert, déi de Buedem zum Wackele bruecht hunn”, esou de Kristian Wendelborg, dee mat Frënn an der Géigend vun der Ambassade op een Taxi gewaart hat, der norwegescher Chaîne Einung TV2.
De Policevertrieder Michel Dellemyr sot der Tëleeschaîne TV2 géigeniwwer, datt d’Police “keng Informatiounen iwwer d’Zort vun de Schied, der Explosioun oder aneren Detailer” erausgi géif. D’Police géif just matdeelen, datt et eng Explosioun ginn hätt, “well d’Ermëttlungen nach ganz am Ufank stinn.” Ermëttler géifen Zeie befroen an et wier e Bommekommando op der Plaz, esou de Policevertrieder Dellemyr.
No den Ugrëff vun den USA an Israel op den Iran si virun allem US-Ambassaden am Noen Osten an Alarmbereetschaft. Eng Rei Ambassadë ware vun iraneschen Ugrëff an d’Viséier geholl ginn. Dem Dellemyr no géif et bis ewell awer “keng Unzeechen” dofir ginn, datt de Virfall an der Ambassade zu Oslo mam Iran-Krich a Verbindung géif stoen. “Mir bréngen en net mam Konflikt a Verbindung. Dofir ass et nach vill ze fréi”, esou den Dellemyr weider.