ALVA mat RappellAktuell Lëscht mat Puddermëllech-Produiten, an deene Cereulid dra ka sinn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'ALVA matgedeelt huet, gëtt et eng aktualiséiert Lëscht vu Puddermëllechen, an deenen d'Grenzwäerter vum toxesche Stoff Cereulid iwwerschratt gi sinn.
Passt op, wat an d'Fläsch kënnt
Passt op, wat an d’Fläsch kënnt
© RICCARDO MILANI/Hans Lucas via AFP

D’Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelinspektioun Alva huet e Freideg den Owend nach emol e Rappell gemaach vun alle concernéierte Mëllechpudder-Produiten, déi an der Lescht zeréckgeruff gi si wéinst Verdacht op Cereulid. Ee Gëft, dat Bakterien entstoe léisst, déi bannent 30 Minutte bis maximal 16 Stonne zu Erbriechen oder Duerchfall féiere kënnen.

Stellt ee bei sengem Kand ee vun de Symptomer fest, sollt een esou séier wéi méiglech bei en Dokter goen. Iwwerginn an Duerchfall ka bei Puppelcher séier zu enger Dehydratioun féieren.

An de leschte Woche sinn europawäit eng Rei Mëllechpudder-Produite fir Puppelcher zeréckgeruff ginn, ënnert anerem vun Nestlé, Babybio oder Popote. Betraff sinn d’Marke Laboratoire Gallia, Bledina, Aptamil an Nutrilon. Och d’Lëtzebuerger ALVA huet déi concernéiert Produiten zeréckgeruff.

Op de jeeweilegen Internetsitte vun der Sécurité Alimentaire a vun LU-Alert kënnen Elteren op Basis vum Mindesthaltbarkeetsdatum iwwerpréiwen, ob ee Produit betraff ass, dee se kaaft hunn. Weider nëtzlech Adresse sinn aptaclub.de a milupa.de

Hei de Reportage aus dem RTL Journal vun e Freideg den Owend:

Puddermëllechen op Recommandatioun vun Autoritéit fir Liewensmëttel zeréckgeruff
An de leschte Woche koum et wéinst der Presenz vum Gëftstoff Cereulid ëmmer nees zu Réckriff vu Puddermëlleche fir Puppelcher.

Weider Artikelen zum Thema:

Back to Top
CIM LOGO