
Den Direkter vun der SACEM, der Société des Auteurs, Compositeurs et Editeurs de Musique, de Marc Nickts war e Freideg de Moie beim Stephen Lowe vun RTL Today am Radiostudio op Besuch. Am Gespréich goung et ëm de “SACEM Hangout”, deen dëse Freideg a seng fënneft Editioun geet.
Dës Editioun vum “SACEM Hangout” ass am Café Rocas an der Stad. Komme ka jiddereen, dee sech fir d’Lëtzebuerger Musekszeen interesséiert, egal ob e Member bei der SACEM ass oder net. Wéi de Marc Nickts um Mikro vun RTL Today erkläert huet, wier et d’Zil vum Hangout, Barrièren ofzeriichten.
Zu Lëtzebuerg si ronn 2.000 Museker an Auteure bei des SACEM ageschriwwen, ma vill dovu si sech nach ni perséinlech begéint. D’Museksindustrie kéint ee mat hirer ganzer Bürokratie an dem Pabeierkrom, dee kann ufalen, intimidéieren. Den Hangout wier an d’Liewe geruff ginn, fir deem entgéintzewierken an d’Communautéit ze stäerken, sou de Marc Nickts: “Dacks kennen déi Leit sech net géigesäiteg. Et geet hei drëm e Gemeinschaftsgeescht ze kreéieren.”
Amplaz de Fokus op d’Droits d’auteur oder Pabeierkrom ze leeën, wieren d’Hangouts bewosst labber gehalen. Museker aus de verschiddenste Stilrichtunge géifen zesummekommen a sech austauschen. Heiansdo géifen esou och onerwaarte Kollaboratiounen entstoen. Et géif een ëmmer nees gesinn, wéi d’Grenzen tëscht deene verschiddene Stilrichtunge verschwannen, wann d’Museker mateneen iwwert de Prozess vum Musek maachen u sech schwätzen: “Wann een déi nämmlecht Passioun fir d’Musek deelt, spillt de Stil keng Roll.”
D’Zesummenaarbecht iwwer déi verschidde Stil-Grenzen eraus wier wichteg fir eng lieweg awer kleng Musekszeen ewéi Lëtzebuerg. Virun allem zu enger Zäit, an där esou vill Collaboratioun sech online ofspillt.
Déi fënneft Editioun vum “SACEM Hangout” ass e Freideg vun 18 bis 21 Auer am Rocas an der Stad.
Eng vun de gréissten Erausfuerderunge mat där d’Musekszeen aktuell konfrontéiert ass, wier dee vun der Kënschtlecher Intelligenz. Dem Marc Nickts no géif engem dës schonn zanter e puer Joer suerge maachen, virun allem, well hir Presenz op de Streaming-Plattformen ëmmer méi grouss géif. Dat géif et fir Kënschtler nach méi schwéier maachen, entdeckt ze ginn. Bei der SACEM wéilt ee sech dowéinst fir mënschegemaachte Musek asetzen a sécherstellen, dass Kënschtler net mussen op Tantieme verzichten.
E weideren Trend, deen ee bei der SACEM géing beobachte wier deen, dass d’Lidder ëmmer méi kuerz ginn. Déi klassesch “Dräi-Minutte-Struktur” vum Pop-Song wier net méi d’Norm. Opgrond vu Soziale Plattformen ewéi TikTok an dem Verhale vun de User op de Streaming-Plattforme misst e Lidd antëscht bannent den éischten 30 Sekonnen en Androck maachen oder den Nolauschterer géif et net fäerdeg lauschteren.