
En Dënschdeg den Owend huet de Kulturminister Eric Thill den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch iwwerreecht. Dëse Präis ass am Aktiounsplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch verankert, dee geziilt d’Weiderentwécklung an d’Festege vun der Lëtzebuerger Sprooch soll stäerken. De Präis zeechent eng Persoun oder eng Associatioun aus, déi sech besonnesch fir de Gebrauch oder den Erhalt vum Lëtzebuergeschen agesat huet.
Op Virschlag vum Jury sinn déi fréier Presidentin vun der Moien ASBL Jackie Messerich fir d'Joer 2025 an d‘Associatioun Wikimedia Lëtzebuerg fir d'Joer 2026 ausgezeechent ginn.
De Präis ass mat engem Zomm vu 5.000 Euro dotéiert a gouf a Form vun enger Skulptur vum Kulturminister Eric Thill iwwerreecht. D’Skulptur ass e Kaweechelchen, dat 2023 vun enger Klass aus dem BTS Game Art and Game Design vum Lycée des Arts et Métiers kreéiert gouf.