Fotografie zu ArlesMat Luucht zeechnen an der Haaptstad vun der Fotografie

RTL Lëtzebuerg
Zënter méi wéi 50 Joer gëtt Arles, eng Stad an der franséicher Provënz Provence, iwwert d’Summerméint d’Haaptstad vun der Fotografie.
Kultur-Spezial: Arles
Et ass déi 52. Editioun vun de Rencontres photographiques zu Arles. Iwwert de Summer ass déi historesch Provence-Stad den Hotspot vun der Fotografie.

Op der Rencontres photographiques ginn Artiste virgestallt, awer och Theme vun haut ugeschwat. D’Fotoe stinn dobäi am Kontrast mat den historesche Baute vun Arles. D’Fotografie inzenéiert, retuschéiert, dokumentéiert a villes méi. Se huet d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft am Viséier. Dobäi ass d’Fotografie zu enger universeller Sprooch ginn.

Daniel Reuter: “Ech fannen, als Ausdrocksform ass d’Fotografie en enorm direkte Wee, fir de Leit eng Interpretatioun vun der Welt an dem mënschleche Wiese matzedeelen an um Enn vum Dag geet et einfach ëm Kommunikatioun.“

Den Daniel Reuter, deen tëscht Island a Lëtzebuerg pendelt, hat bis 2009 keng aussergewéinlech Bezéiung zur Fotografie. Bis 2008 huet hien an enger Publicitéitsagence an Island geschafft.

Daniel Reuter: “Zu deem Zäitpunkt war jo dann de finanzielle Crash, deen och Island ganz haart getraff huet. Well déi Opträg, déi mir du kritt hunn, net méi sou interessant waren, hunn ech mech dofir decidéiert, eppes aneres ze maachen. Ech hunn e Feld gesicht, wou ech mech weider kéint méi kreativ ausdrécken. An deemools war et dunn éischter een Erausfannen, wien ech mat der Fotografie sinn a wéi ech mech domadder identifizéiere kann.”

Am Santiago de Chile ass säi Projet, deen zu Arles gewise gëtt, entstanen. E puer Mol ass den Daniel Reuter an de Chile gereest an huet am Quartier Providencia gelieft. Providencia ass dann och den Titel vu senger Serie. Seng Fotoe kënnen op villen Niveaue gekuckt a gelies ginn a beweege sech tëscht der Realitéit an der Fiktioun.

Daniel Reuter: „Mech interesséiere ganz vill verschidden Aspekter, wéi zum Beispill d’mënschlech Interventioun an engem Espace, Tracen déi hannerlooss ginn an och wéi mir eise perséinleche Raum bewunnen.“

D’Rauminstallatioun aus Glas an Aluminium huet d’Form vun engem Hexagon. D’Struktur ass inspiréiert un engem Kiosk am Quartier Providencia. Zesumme mat senger Kommissärin Michèle Walerich war och d’Installatioun e Prozess an ass iwwert déi läscht zwee Joer ëmmer erëm verfeinert ginn.

Michèle Walerich: „Mir hunn hei eng relativ radikal Propositioun vun 12 Fotoen. Do war en Echange mam Daniel, fir ze kucken, wéi eng Biller emblematesch sinn, fir d’Aarbecht an d’Serie. Dat war de Wee, dee mir zesumme gemaach hunn. Esou e Kreatiounsprozess ass am Fong eng Aarbecht, wou ganz vill Decisiounen um Wee musse geholl ginn. All Decisioun ass wichteg, fir dono déi Prezisioun ze hunn, fir datt d’Serie déi Essenz zréckgëtt, déi de Kënschtler wëll ausdrécken.“
Daniel Reuter: „Ech fannen den zouenen Raum kreéiert eng gewësse Spannung. D‘Leit hu jo ëmmer de Besoin no erun ze goen, fir Detailer kënnen ze gesinn an hei bleift dat fort. Ech fannen déi Distanz zum Bild awer ganz spannend. Dat passt och a mäi Konzept vun der ganzer Serie. Déi Distanz tëscht dem Mënsch a sengem urbanen Ëmfeld gëtt u sech hei simuléiert.“

D‘Chapelle de la Charité ass e komplizéierte Kader fir auszestellen. D‘Architektur an de markanten Dekor musse mat de Wierker harmonéieren.

Lisa Kohl: „Ech gesi mech als Kënschtlerin, déi mat Fotografie schafft, mee ech schaffen och mat Video a mat Sound an ech kommen u sech aus der Skulptur. Dat heescht ech schaffen och installativ an am Espace.“

Fir d’Lisa Kohl ass et wichteg en Erfarungsraum an eng Ambiance ze schafen. Op de Plaffong vun der Kapell huet si zesumme mam Pol Schumacher e Videomapping realiséiert. De Video mam Titel „Haven“ gëtt dann och vun engem Sound begleet.

Lisa Kohl: „De Sound soll de Video begleeden an eng gewëssen Ambiance kreéieren, an déi e kann andauchen. Et ass immens vill Repetitioun dran an et erënnert och un eng Ootmung. Et huet eng gewësse meditativ Dimensioun, mee gläichzäiteg kippt et dann och an et gëtt ganz geféierlech. D’Waasser huet eppes bedroleches, et steet een drënner an et entsteet eng Muecht. Als Mënsch fillt ee sech da kleng.

Hir Ausstellung “Erre” regroupéiert 3 verschidde Projeten. Hir Wierker schwätze vun der Flucht, dem Exil, dem Iwwerliewen an och der Ivisibilitéit. D’Lisa Kohl reest dofir op Plazen, wou d’Mënsche schwiereg Liewenskonditiounen hunn, wéi zum Beispill op der US- mexikanescher Grenz oder zu Lesbos beim Mëttelmier. Fir si ass et wichteg, déi Temoignagen an Tracen ze sammelen a se op eng poetesch a sensibel Manéier an hire Fotoen ze verschaffen.

Lisa Kohl: „Dat sinn alles Kontexter, déi relativ schwiereg sinn an déi mat sozial-politeschen Themen ze dinn hunn. Fir mech ass et wichteg, de Mënsch ze begéinen, deen dovu betraff ass an do Echangen ze sichen. An all Aarbecht ass dem Mënsch seng Presenz spierbar, mee en ass awer net direkt visibel. E bleift anonym, fir och säi Statut ze protegéieren.“

D’Persounen an hirer Serie “Shelter”, déi zu Los Angeles entstanen ass, si mat engem Stoff iwwerdeckt a wierke wéi lieweg Skulpturen. Och dem Lisa Kohl hir Installatioun vun de Fotoen ass skulpturel.

Lisa Kohl: „Dofir hunn ech decidéiert, d’Fotoen op Bëtongs-Sockelen ze weisen, fir datt se zu engem Objet ginn an datt se e vis-à-vis bilden, datt se eng Presenz am Raum hunn an datt se de Passage blockéieren. Gläichzäiteg kann een awer och ronderëm zirkuléieren. De Choix vum Bëtong huet natierlech och mat deene Kontexter a Lieuen ze dinn, wou déi Fotoen entstane sinn.“

Virun zwee Joer stounge ganzer 50 Ausstellungen um Programm vun de Renconteren. Och wann dëst Joer ronn 20 Ausstellunge manner do sinn, war et fir den Direkter vum Festival awer wichteg, d‘Programmatioun vun 2020 sou gutt wéi et geet bäizebehalen, dorënner och déi vun de Lëtzebuerger.

Christoph Wiesner: “Wat mech immens beréiert beim Lisa Kohl an Daniel Reuter, ass datt ech u sech nach Deel vun der Jury war deemools. Do hat ech nach net d’Funktioun vum Direkter vun de Rencontres photographiques. Ech hunn also un den Diskussiounen an Argumentatiounen Deel geholl, fir d’Artisten erauszesichen. Dofir sinn ech ëm sou méi frou an ech fannen et ass eng vun de schéinsten Ausstellungen an der Kapell. D’Kapell ass jo en immens schwieregen Espace, fir auszestellen, an ech fannen déi zwee Artisten si perfekt mat deem Challenge ëmgaangen. “

Fir déi 4. Kéier këmmert sech d’Associatioun “Lët’z Arles” ëm d’Ausstellung um Fotofestival. D’Presenz vu Lëtzebuerg verankert sech also ëmmer méi um Festival a Südfrankräich. Och wann d’Pandemie villes verännert huet, ass een awer zum Schluss frou iwwert déi gewonnen Zäit an d’Lisa Kohl an den Daniel Reuter konnten hir Projeten nach méi verdéiwen.

Daniel Reuter: „De Festival huet elo offiziell ugefaangen, mee virdru war awer nach Skepsis do ob et iwwerhaapt kéint stattfannen. Dee Kontrast nom Confinement an där ganz komescher Zäit, déi mir elo alleguer haten, an da bemol eppes ze hunn, wat der Normalitéit no kënnt mat Gruppe vu Mënschen, war eng enorm Erliichterung. Déi Chance och esou eng Ouverture vum Festival kënne mat ze erliewen, war eng ganz grouss Freed.”

D’Rencontres photographiques bidden eng grouss Visibilitéit fir Artiste vun der ganzer Welt. D’Fotografie ass fir de breede Public zougänglech a presentéiert sech op eng onkomplizéiert Manéier. D’Haaptthema vun dëser Editioun dréint ronderëm d’Identitéit. D’Identitéit an all hir Facetten, Schwieregkeeten a Méiglechkeeten. Awer och fotografesch Identitéite ginn developpéiert. De Mënsch am Fokus hannert a virun der Kamera.

Back to Top
CIM LOGO