Trotz enger breeder kultureller Offer ginn et strukturell Barrièren, déi verhënneren, datt jiddereen Accès dozou huet. Dee Constat geet aus Etüden ervir, déi an de leschten dräi Joer gemaach gi sinn. Dowéinst lancéiert de Kulturministère en Aktiounsplang fir den Zougang zur Kultur ze verbesseren. De Plang, deen en Dënschdeg de Moien am Kulturministère presentéiert gouf, dréint sech ronderëm 7 Prioritéiten, dorënner Biergerbedeelegung an Inclusioun, Visibilitéit vun der Offer an d'Valoriséierung vum kulturellen Ierwen. 33 Objektiver an 99 Mesurë goufe fir den Aktiounsplang definéiert.
D'Accessibilitéit zur Kultur, d'Promotioun vun der Offer a Kommunikatioun, mä och d'Participatioun um kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg sinn déi grouss Pilieren, un deene geschafft gouf. Zu de konkrete Mesuren zielt zum Beispill d'Weiderentwécklung an d'strukturell Verbesserung vum Kulturpass. De Kulturminister Eric Thill:
“Mir stäerken d'Informatioun an och d'Zougangsweeër iwwert d'Gemengen an d'Office-sociallen, integréieren de Kulturpass an de Guichet unique social an ënnerstëtzen Cultur’all bei der Digitaliséierung vum Kulturpass”.
Aktuell notzen nëmmen 12 Prozent vun den eligibele Leit de Kulturpass:
“De wichtegste Schrëtt ass also d'Automatiséierung vun der Zoustellung, fir datt eeben all eligibel Persoun a Famill de Kulturpass kritt, ouni Hürden an ouni weider Demarchen. Esou wäerte mer op quasi, soen ech emol, 100 Prozent Ofdeckung kommen an déi sozial ekonomesch Barriären och esou konsequent ofbauen.”
E weidert konkret Beispill ass d'Schafung vun engem consultative Conseil, dee 16 Memberen an Acteuren aus ënnerschiddleche Beräicher soll op engem Dësch versammelen. Dozou gehéieren ënner anerem d'Vertrieder aus der Zivilgesellschaft, de kulturellen Institutiounen, dem artistesche Secteur, Bierger an och Kënschtler mat enger Beanträchtegung, Representante vum Benevolat culturel, Organisatioune wéi Info Handicap oder och dem LGBTQI -Beräich, dem Syvicol, souwéi och Memberen aus dem Conseil supérieur vun deene verschiddenen Instanzen. Konkreet Iddien, Verbesserungsvirschléi, Recommandatiounen an Hëllefsmëttel wéi Guiden oder Formatiounen, solle vum Conseil proposéiert ginn.
Och eng besser Informatioun a Kommunikatioun sinn eng Prioritéit vum Aktiounsplang. Eng Demande, déi et scho laang aus dem Secteur gëtt, ass déi vun engem Internetsite als Ulafstell fir alles, wat d'Kultur betrëfft. Vum Hierscht u soll dat op culture.lu de Fall sinn.
“D'Zil ass et, de kulturellen Ekosystem zu Lëtzebuerg op enger eenzeger Plaz zesummenzeféieren an d'Offer fir d'Biergerinnen an d'Bierger méi visibel, méi verständlech a virun allem eeben och méi accessibel ze maachen. An deem Kontext ginn och d'Inhalter vun echo.lu integréiert.”
Déi budgetär Enveloppe fir déi nächst 5 Joer läit bei 13,5 Milliounen Euro, fir den nationalen Aktiounsplang kënnen ëmzesetzen.
Méi Detailer zum nationalen Aktiounsplang "Zougang zur Kultur" fannt Dir hei.