Traureg GewëssheetAll Vermësster dout aus Haus zu Görlitz gebuergen

RTL Lëtzebuerg
Dräi Deeg, nodeems zu Görlitz en Haus an de Koup gefall ass, gëtt et traureg Gewëssheet: Déi dräi Leit, déi ënner de Stécker verschott waren, hunn net iwwerlieft.

Nodeems fir d'éischt an der Nuecht op en Donneschdeg d'Läich vun enger 25 Joer aler Rumänin gebuerge gouf, konnten d'Secouristen e puer Stonne méi spéit nach eng 26 Joer al Fra dout biergen. D'Läich war deemno am viischten Deel vum Haus, dat an de Koup gefall ass, gebuerge ginn. "Den Noutdokter konnt nëmmen nach den Doud vun den zwou Frae feststellen", sot de Policespriecher Stefan Heiduck. Déi stierflech Iwwerreschter gi fir weider Analysen an d'Geriichtsmedezin bruecht, heescht et weider. Resultater ginn an den nächsten Deeg erwaart.

Fir d'Familljememberen ze betreien, waren nieft Psychologen och e rumänesche Paschtouer aus Dresden an ee rumänesch-ukrainesche Paschtouer aus Zittau op der Plaz. Déi weiblech Doudesaffer waren d'Verloobt an d'Cousine vun engem Mann, dee grad akafe war, wéi d'Ongléck geschitt war. Déi dräi wollten zu Görlitz Vakanz maachen.

Um fréien Donneschdegowend gouf dann nach déi drëtt Läich fonnt. E Mann vun 48 Joer mat bulgarescher an däitscher Nationalitéit. Och hie koum an d'Geriichtsmedezin.

Back to Top
CIM LOGO