
Déi alleréischte Kéier war dëse Präis fir de Lex Roth an den Alain Atten an et wier schwiereg gewiescht, Successeure fir si ze fannen, esou de Kulturminister Eric Thill. Mam Jackie Messerich a mat Wikimedia wier et der Jury awer gelongen.
D'Jackie Messerich gëtt zënter méi wéi 30 Joer Lëtzebuergeschcoursen, huet didaktescht Material ausgeschafft, ass fréier Presidentin vun der "Moien" asbl a beschäftegt sech mat der Fro, wéi eng Roll dat Lëtzebuergescht fir den Zesummenhalt vun enger multikultureller a méisproocheger Gesellschaft soll spillen.
Wéi si gewuer gouf, datt si den nationale Präis fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch géif kréien, hätt si am Léifsten de Kopplabunz geschloe, sot si op der Präisiwwerreechung an huet präziséiert, datt Kopplabunz hiert Liblingswuert ass. "Kaweechelchen" ass Ëmfroen no d'Liblingswuert vun de Leit, déi Lëtzebuergesch léieren an dofir kréien d'Laureaten och eng Skulptur a Form vun deem flénke klengen Déier.
An den 90er Jore wier verzweiwelt no Leit gesicht ginn, déi Lëtzebuergesch géifen enseignéieren, esou d'Jackie Messerich, déi sech doropshi gemellt huet.
D'Jacky Messerich kritt dëse Präis fir 2025. Fir 2026 geet et u Wikimedia. D'Associatioun promouvéiert d'Verdeelen an de Gebrauch vu fräien edukative Contenuen a Wëssen a steet hanner Wikipedia Lëtzebuerg. 13 Millioune Wierder ginn et am Lëtzebuergesche Wikipedia an iwwer 67.000 Artikelen. Nei Technologie sinn do keng Konkurrenz, esou de Pierre Reding, de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
De Kulturminister Eric Thill war houfreg kënnen de Laureaten d'Skulptur vum Kaweechelchen z'iwwerreechen. Donieft gëtt et awer och e Präisgeld vu 5.000 Euro. D'Präisiwwerreechung gouf och musikalesch encadréiert an zwar vum "Sixor" engem jonke Museker, deen op Lëtzebuergesch gerappt huet. Entwécklungen, déi an den Ae vum Kulturminister Eric Thill just méiglech sinn, well Leit sech iwwer Joren oder Joerzéngte fir d'Lëtzebuerger Sprooch agesat hunn.
"Leit, déi gefuerscht hunn, déi dokumentéiert hunn, déi vermëttelt hunn a virun allem och verdeedegt hunn. De Lex Roth an den Alain Atten gehéiere ganz kloer zu dëse Leit. Hiren Engagement huet dozou bäigedroe, datt eis Sprooch, d'Lëtzebuerger Sprooch haut déi Plaz huet, déi se verdéngt an och déi Perspektiven, déi se brauch. Si hunn net nëmmen eng wichteg Aarbecht geleescht, si hu virun allem Fundamenter geluecht. Fundamenter op deenen haut eng nei Generatioun kann opbauen."