Amnesty Mediepräis 2026RTL-Journalistin Anouk Siebenaler fir Reportage "Wa Kanner ze fréi stierwen" ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
An de Rotonde gouf en Dënschdeg den Amnesty-Mediepräis verginn. E Präis, dee sech u Journalistinnen a Journalisten aus Lëtzebuerg riicht.
D’RTL-Journalistin Anouk Siebenaler op der Präisiwwerreechung
© Rosa Clemente

De Präis gouf a véier Kategorië verdeelt: “Multimedia”, “Presse écrite” “Communauté en ligne” a “Coup de Coeur”.

An der Kategorie “Multimedia” gouf d’RTL-Journalistin Anouk Siebenaler fir hire Reportage “Wa Kanner ze fréi stierwen” ausgezeechent. An der Kategorie vun der geschriwwener Press goung de Präis un d’France Clarinval vum Lëtzebuerger Land fir hiren Artikel “Queer en exil”. De Präis an der Kategorie “Communauté en ligne” war fir d’Social-Media-Campagne “1 cm” vum Journal. De Präis an der Kategorie “Coup de Coeur” goung un de Stefan Kunzmann vum Tageblatt fir säin Artikel “Gift im Paradies.”

Wa Kanner ze fréi stierwen: "Mir mussen zu all Ament op alles preparéiert sinn"
Famillje mat schwéier kranke Kanner eng Auszäit erlaben: Zanter 2019 setzt d’ASBL “pour une parenthèse” sech fir de Bau vun engem Kannerhospiz an.

Zanter 2016 iwwerreecht Amnesty International Lëtzebuerg den “Amnesty Mediepräis”, mat deem d’Aarbecht vun de Medien an hir Roll bei der Verdeedegung vu Mënscherechter z’éieren. Déi Nominéiert hunn nämlech mat hire Publikatiounen op Mëssstänn opmierksam gemaach, hunn déi Fäll beliicht, an deene Mënscherechter net méi respektéiert ginn, Ongerechtegkeeten opgedeckt an deenen eng Stëmm ginn, déi soss kaum gehéiert ginn. Ausgezeechent goufen d’Journalisten an dräi Kategorien, dorënner eng nei.

De Jury vum Mediepräis huet sech 2026 aus follgende Leit zesummegesat:

  • Tracy Heindrichs, Journalist Luxembourg Times
  • Jang Kapgen, Freelance Journalist Lëtzebuerger Journal a Redakter queer.lu
  • Noémie Sadler, Affekotin a Presidentin vun der Consultativer Mënscherechtskommissioun
  • Robert Harmsen, Doyen vun der Fakultéit Sciences Humaines vun der Uni.lu an Titulaire vun der Unesco-Chaire vun de Mënscherechter
  • Frédérique Buck, Kommunikatiounsberoderin a Creatrice vu Mediecontenu
  • Lourain Alhalabi, Aktivist an Delegéierte vu Jeunes Amnesty

Duerch den Owend gefouert huet de Misch Pautsch, President vun der Journalistenassociatioun ALJP, Vize-President vum Presserot a Journalist beim Lëtzebuerger Journal.

Méi Informatiounen zum Amnesty Mediepräis fannt Dir op hirem Site.

Back to Top
CIM LOGO