Reaktioun op Kritik vun déi Lénk an LSAPHeizsystem vum Escher-Theater soll moderniséiert ginn

Claudia Kollwelter
De Buergermeeschter Christian Weis reagéiert op Kritik vun déi Lénk an LSAP wéinst Duerchzuch am Escher Theater.
Den Escher Theater op der Brillplaz.
Den Escher Theater op der Brillplaz.
© MMFE

D’Konditiounen am Escher Theater wieren inacceptabel. Dat hunn déi Lénk an d’LSAP vun Esch an engem Schreiwes un de Buergermeeschter a Schäfferot beklot, nodeems Spectateuren, mee och d’Artiste bei engem Neijoerschconcert am Escher Theater vun engem äiskalen Duerchzuch am Sall geschwat haten.

E Problem, deen, wéi et schéngt, op en Dysfonctionement vun der Klimaanlag zréckzeféieren ass, duerch déi bei Opféierungen esou kal Loft zirkuléiert, datt d’Leit deels am Wantermantel do sëtze mussen. Esou eng Situatioun géif definitiv der kultureller Missioun vun der Stad Esch schueden an dofir hu béid Parteien dann och Explikatioune gefrot, déi de Buergermeeschter Christian Weis dann elo a senger Äntwert liwwert.

Déi lescht gréisser Aarbechten am Escher Theater wieren 2010 gemaach ginn, allerdéngs wier deemools d’Chance verpasst ginn, fir d’Gebai energeetesch ze verbesseren an ze moderniséieren. Am Dezember 2025 hätt een och zesumme mat der Direktioun vum Theater an den technesche Servicer gekuckt, wéi eng Mesurë misste geholl ginn, fir de Problem ze léisen. D’Analysen hätten erginn, datt d’Temperatur-Ënnerscheeder tëscht der Bün an dem Sall dozou féiere kéinten, datt et zu engem desagreabelem Duerchzuch kéint kommen. Am Budget 2026 wieren dofir 150.000 Euro virgesinn, fir den Heizsystem vum Gebai ze moderniséieren.


PDF: D'Schreiwes vun déi Lénk an LSAP zu der Kritik um Escher Theater

PDF: Reaktioun vun Escher Buergermeeschter op Kritik zum Heizsystem am Theater

Back to Top
CIM LOGO