Interview mam Michael Patrick Kelly"Meng Fans sinn eng 'Family of Friends'"

Pierre Weimerskirch
Den 30. Abrëll ass hien nees zu Lëtzebuerg. Am Interview mat RTL schwätzt de Michael Patrick Kelly iwwer seng Vergaangenheet, seng zweet Karriär als Solo-Kënschtler, seng "Fames“ an eng ganz besonnesch Friddensklack.
De Sänger spillt den 30. Abrëll 2026 e Concert an der Rockhal.
Den Sänger spillt den 30. Abrëll 2026 e Concert an der Rockhal.
© Michael Patrick Kelly Management

Vum “Paddy“ zum Solo-Artist Michael Patrick Kelly

Als Member vun der Kelly Family ass hie weltwäit bekannt ginn. De Schrëtt an d’Solokarriär war awer net selbstverständlech, seet de Michael Patrick Kelly.

“Vill Kënschtler, déi aus enger Band kommen, packen déi zweet Karriär net. Dofir sinn ech ëmsou méi dankbar, datt d’Leit mir mat menger eegener Musek eng Chance ginn hunn an et bei mir esou gutt gelaf ass.“

Hie wier zwar schonn deemools an der Familljeband musikalesch staark agebonnen, als Haaptproduzent a Songwriter, mee de Wee als Eenzelkënschtler wier trotzdeem eng Erausfuerderung gewiescht. Haut ass hien dankbar fir Béides: fir déi immens Erfolleger an den 90er, mee och fir d’Méiglechkeet, sech als Michael Patrick Kelly nei ze definéieren.

Eng Auszäit am Klouschter als “Reset“

No de wëlle Joren am Showbusiness huet de Sänger sech fir sechs Joer an e franséischt Klouschter zeréckgezunn. Hie schwätzt vun engem “Reset“.

“Ech war e bëssen op der Sich nom Sënn vu mengem Liewen, ofgesinn vun der Bekanntheet an Applaus. Ech hu mech wéi e Computer mat ze vill Vire gespuert, hu misse komplett ofschalten an nei starten.“

Zanter sengem Comeback géif hie vu Kreativitéit spruddelen. Fir säin aktuellen Album Traces huet hien, eegenen Aussoe no, ronn 100 Lidder geschriwwen. Vill Iddie géifen him esouguer nuets am Dram kommen.

“Heiansdo erwächen ech mat enger Melodie am Kapp an huelen se direkt um Handy op.“

“Ech nennen si net Fans, mee Fams“

Eng besonnesch Relatioun huet hien zu sengem Publikum. D’Wuert “Fan“ gefält him net.

“Dat kënnt vu Fanatismus. Fir mech ass mäi Publikum eng Family of Friends. Dofir sinn et ‘Fams’.”

Op senge Concerte géif een dacks dräi Generatioune gesinn: Kanner, Elteren a Grousselteren. Dat géif hien immens beréieren. Seng Shows daueren tëscht zwou an dräi Stonnen, mat rockege Momenter, Piano-Balladen a ganz besënnleche Passagen.

Eng Friddensklack aus Krichsschrott

E ganz staarke Moment bei all Concert wier eng Gedenkminutt fir de Fridden. Ageleet gëtt se vun enger iwwer eng Tonn schwéierer “Peacebell“, gegoss aus Krichsschrott, ënner anerem aus Granaten an Deeler vu Panzeren aus der Ukrain a vu Verdun.

“Dat ass all Kéier en Héngerhautmoment, wann Dausende vu Leit op eemol roueg ginn a fir e Moment zesumme ganz roueg sinn. Heiansdo gesäit een Tréinen op de Gesiichter. Dat ass e staarkt Mir-Erliefnis.“

Als UN-Friddensambassadeur läit him d’Thema besonnesch um Häerz. Trotz enger “kapotter Welt“ géif hien un dat Gutt am Mënsch gleewen.

“Ech gesinn Wonders an enger gebrachener Welt.“

Lëtzebuerg huet eng speziell Plaz

Un de Lëtzebuerger Public huet hie gutt Erënnerungen. Säi leschte Concert hei am Land wier séier ausverkaaft gewiescht.

“Et war immens waarmhäerzeg an euphoresch. D’Leit wollte mech bal net vun der Bün loosse.“

Och seng éischt Erënnerung u Lëtzebuerg geet wäit zeréck: Als Kand war hien hei am Studio fir Opnamen ze maachen. Spéider krut hien en Award an der Villa Louvigny. A souguer d’groussherzoglech Famill huet hien als sympathesch a buedemstänneg op enger Hochzäit kennegeléiert.

De Concert vum Michael Patrick Kelly ass den 30. Abrëll an der Rockhal, Promoter vum Concert ass Den Atelier.

Back to Top
CIM LOGO