LuxFilmFestD’Geschicht vum Zeechentrickfilm einfach erkläert

Isabelle Gillen
Am Kader vum Luxembourg City Film Festival organiséiert d’Stater Cinemathéik all Joer de sougenannte "Crazy Cinématographe", bei deem Kanner einfach a spilleresch d’Geschicht vum Film erkläert kréien.
Crazy Cinématographe
D’Geschicht vum Zeechentrickfilm einfach erkläert

Virun allem Schoulklassen, ma awer och Famillje kënne bei dësem Evenement matmaachen. An engem Zelt, dat am Bannenhaff vum Kapuzinertheater steet, bréngen de Fränz Hausemer an den Hughes Maréchal als Duo al Zeechentrickfilmer mat Stëmm a Musek zum Liewen. All Joer läit de Fokus op enger anerer Thematik an dëst Joer dréint sech alles ëm Zeechentrickfilmer - déi éischt gemoolte Biller mat Beweegung.

“Crazy Cinématographe ass eigentlech eng Rees zeréck an d’Zäit. Mir ginn un d’Ufäng vun der Geschicht vum Film zeréck. Déi alleréischt Filmer weise mer säit ville Joren hei. Déi meescht si Stommfilmer, vill si nach schwaarz-wäiss an dat ass virun Chaplin, virun Dick und Doof, alleguer déi Klassiker, déi se ëmmer esou kennen. Et si relativ onkonventionell Filmer, déi mer de Kanner weisen oder den Erwuessenen, wa se kommen“, esou de Fränz Hausemer.

De Fränz Hausemer, dee selwer als Regisseur an der Welt vum Film aktiv ass, moderéiert d’Presentatioun a versicht, d’Kanner interaktiv mat op d’Rees vum Zeechentrickfilm ze huelen, wärend säi Partner Hughes Maréchal um Piano fir déi musikalesch Ënnerstëtzung suergt. Esou ginn déi fënnef al Stommfilmer, déi hei presentéiert ginn, op eng spilleresch Aart a Weis fir d‘Kanner belieft. D’Filmer stamen aus dem Archiv vun der Cinemathéik.

“De Programm wiesselt. All Joers krome mer aner Filmer aus der Këscht eraus. D’Cinemathéik huet e relativ interessanten a grousse Stock vu ganz ale Pionéierfilmer, géif ech soen, an dëst Joer ass et esou, dass et Zeechentrickfilmer sinn. Dat heescht, mir presentéieren de Kanner eng Serie vun den éischten Zeechentrickfilmer, déi et gouf. Do hu mer de “Felix the Cat” ënnert anerem mat dobäi, mee och Saachen, déi elo eigentlech net méi bekannt sinn.“

Lass geet et awer fir d’éischt mat enger Introduktiounsronn, bei där d’Kanner eng Rei Froe gestallt kréien an déi éischt Apparater aus der Filmwelt kenneléieren. Zesumme léieren d’Kanner, wéi eigentlech Beweegung an e Film kënnt a wéi vill Aarbecht et fréier war, e Film op der Hand ze produzéieren. Vun enger Laterna Magica, iwwert en Daumekino oder e Praxinoskop, bis hin zu analogem Film, wéi en nach haut zum Deel am Gebrauch ass, gëtt beim Crazy Cinématographe déi ganz Bandbreet un aler Filmtechnik presentéiert an d’Kanner dierfen esouguer selwer Hand uleeën.

“D’Kanner, obschonn et all ‘digital natives’ haut sinn, si wuesse ganz normal mat Internet, mat Streaming, mat deene materialiséierte Filmer, déi een net méi kann upaken, op a wa mir dann hinnen eng Filmrull bréngen, e Filmstéck, si kënnen dat upaken, do ass dat Taktilt mat dobäi, kréie mer se eigentlech ëmmer iergendwéi begeeschtert.“

Et ass en eenzegaartegt Erliefnes fir Kleng a Grouss, wat un änlech Zelter op der Schueberfouer oder op enger Kiermes erënnere soll, an deene fréier effektiv déi éischte Filmer gewise goufen. Bis e Freide kann een de Crazy Cinématographe nach erliewen an en Donneschden am Nomëtten ass déi lescht Virstellung fir Familljen.

Back to Top
CIM LOGO