D’Kriticken aus Lëtzebuerg goufe manifestement iwwerhéiert. Dës Woch huet den däitschen Inneministère matgedeelt, datt d’Grenzkontrollen nach emol ëm sechs weider Méint verlängert ginn.
Wéi reagéiert de Lëtzebuerger Inneminister Léon Gloden dorobber? Firwat kritt hie sech bei der däitscher Schwësterpartei net méi Gehéier verschaf? Dat wëlle mer e Freideg de Moie vum CSV-Minister um 8 Auer als eisen “Invité vun der Redaktioun” wëssen. Donieft geet et mam Léon Gloden och iwwert d’Ëmsetzung vum europäeschen Asyl- a Migratiounspak, déi Associatiounen an d’LSAP als ze vill repressiv beschreiwen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.