
Vertrieder vu 45 Natioune sëtzen zu Washington zesummen op der éischter Reunioun vum sougenannte “Board of Peace”, dem Friddensrot vum Donald Trump, dee riskéiert eng UNO z’ënnerwanderen. Déi meeschte Vertrieder aus der EU sinn an der Roll vun Observateuren. Et geet drëms, de Gaza-Friddensplang ëmzesetzen. Dem Friddensrot säin Objektiv ass awer net kloer just dorop limitéiert. Fir e Wuert dierfe matzeschwätzen, mussen d’Memberlänner awer eng Cotisatioun vun 1 Milliard US-Dollar bezuelen. Bei de Grënnungsnatioune sinn dann och villfach Militärregimer oder Diktaturen ze fannen, och mam Zil, dass den US-President hinne gutt gesënnt soll sinn. Demokratien doe sech schwéier mat der autoritär ausgeriichter Féierung vum Gremium.