Erhalung vum PatrimoineNationalbibliothéik digitaliséiert iwwer 4.000 Lëtzebuerger Bicher

Isabelle Gillen
Am Kader vun der Digitaliséierungscampagne, déi d'Regierung 2024 an d'Weeër geleet huet, goufen iwwer 4.000 Lëtzebuerger Monografien digitaliséiert.
© RTL Archiv

Wéi d’Nationalbibliothéik an engem Communiqué matdeelt, goufen an Zesummenaarbecht mat Luxorr, enger Association fir Droits d’auteur, an dem European Union Intellectual Property Office (EUIPO) iwwer 4.000 Bicher aus hirem Lëtzebuerger Fong digitaliséiert. Et ass fir d’éischte Kéier an der Geschicht vun der Digitaliséierungscampagne, déi 2024 vun der BNL a Luxorr lancéiert gouf, dass esou vill Wierker online verfügbar gemaach ginn.

D’Monografië sinn op eluxemburgensia.lu ze fannen a kënne no Titel oder Auteur gesicht ginn. Zil vum Digitaliséierungsprojet ass et, Wierker, déi am Commerce vergraff sinn, fir de Public ëffentlech zougänglech ze maachen an esou e wichtegt Stéck Lëtzebuerger Patrimoine ze erhalen.

Back to Top
CIM LOGO