Dem Kim Lang seng Aarbecht féiert hien an déi verschiddenst Metropolen – Reesen ass fir hien net nëmmen Deel vum Beruff, mee seng wichtegst Inspiratiounsquell. Gepräägt duerch seng kapverdianesch Wuerzelen, fillt de Kim Lang sech besonnesch mat de Kulture laanscht den Atlantik an am karibesche Raum verbonnen. Dës Identitéit, tëscht Europa, Afrika an Amerika, zitt sech wéi e roude Fuedem duerch seng kënschtleresch Aarbecht.
Nieft senge kënschtleresche Projete bleift de Kim Lang och an der Welt vun der Moud- a Lifestyle-Fotografie aktiv. D’Spill mat Liicht, Texturen a kulturellen Aflëss mécht säi Stil eenzegaarteg an international gefrot.
Mir hunn de Kim Lang zu London besicht an en Abléck a säin Atelier, seng Aarbecht a seng Motivatioun kritt.
Kuckt hei de ganze Portrait vum Raoul Schmitz an der Serie „Lëtzebuerger am Ausland“.