Lëtzebuerger Theaterzeen am TrauerEn Noruff op de Schauspiller an Auteur Pol Greisch

Christiane Kremer
Äddi Pol! D’Lëtzebuerger Theaterwelt ass am Trauer. Am Alter vun 95 Joer ass den Acteur an Auteur Pol Greisch gestuerwen.
En Noruff op de Schauspiller an Auteur Pol Greisch
Äddi Pol! D’Lëtzebuerger Theaterwelt ass am Trauer. Am Alter vun 95 Joer ass den Acteur an Auteur Pol Greisch gestuerwen.

Seng tragikomesch Stécker waren als “typesche Greisch” bekannt. Fir d’Trilogie “Äddi Charel”, “Besuch” an “E Stéck Streisel” krut hien 1993 eng éischte Kéier de “Servais-Präis”. 2013 krut en de Lëtzebuerger Literaturpräis eng zweete Kéier fir den Erzielband “De Monni aus Amerika”. De Pol Greisch war awer och populär als Acteur duerch seng sëllege Rollen am Theater an am Kino.

Mat 15 Joer stoung hien eng éischte Kéier op enger Theaterbün. D’Famill Greisch war zu Walfer am Gesang aktiv an do gouf och Theater gespillt. 1947 krut de Pol Greisch seng éischt Roll als “Jeune Premier” am Dicks sengem Stéck “Op der Juegd”, dat als Fräiliichtspektakel opgefouert gouf. Net grad déi dankbaarst Roll, mee als jonken Acteur kënnt ee knapps dolaanscht. Mee “se si mer op d’Nerve gaangen”, sou de Pol Greisch.

D’Loscht op Theaterspillen ass him awer net vergaangen. Op 2e huet en éischt Dictiounscoursë kritt an no der Première koum en am Conservatoire bei den Eugène Heinen, de Grënner a Leeder vun de “Compagnons de la Scène” - spéider de Lëtzebuerger Theater. Dee war ëmmer op der Sich no jonken Talenter fir säin Ensembel, wéi zum Beispill de Fernand Fox oder déi jonk Actrice Juliette François.

De Pol Greisch den 1. Juli 2017 an der ArtBox:

Pol Greisch
All Woch si mir mat engem Kënschtler ënnerwee a kréien en Abléck a säin Alldag.

D’Juliette François gouf déi grouss Léift vum Pol Greisch. 1955 hu se eng éischte Kéier am Kader vum Dicksjoer an der Produktioun “Den Här an d’Madame Tullepant” matgespillt. Bis zum Doud vum Juliette François 2008 si se vill an dacks zesummen opgetrueden.

De Pol Greisch, deen um Cours supérieur nach driwwer nogeduecht hat, Sproocheproff ze ginn, huet dunn awer d’Decisioun geholl, de Staatsconcours ze maachen.

“Ech hunn och eng Kéier geschriwwen ‘La vrai vie commence à six heures du soir’ oder esou - dat ass och eng Illusioun gewiescht, dat funktionéiert dann och net ëmmer. Du gees op de Büro, dat ass däi Gagne-Pain, däi Broutverdéngscht - an da méchs de dono um 18 Auer, dat wat s de wëlls. ‘C’est un leurre’ kann een och soen, well et funktionéiert och net ëmmer. Mee et ass ustrengend dann, awer vläicht hätt ech och ni geschriwwen, wann ech da Proff gewiescht wier. Ech kann et net soen, ech weess et net”, huet de Pol Greisch an engem Interview 2015 verroden.

Den “typesche Greisch” entsteet

Iergendwann hunn d’Stécker, déi opgefouert goufen, dem Pol Greisch net méi gefall. Si waren ze vill am Stil vum Vollekstheater an hunn näischt Neies bruecht. 1966 koum säin éischt Stéck “Äddi Charel” op d’Bün.

“Dat ass elo e Bürosstéck gewiescht, well ech jo um Büro geschafft hunn, wou ech jo am Fong guer net wollt sinn. Dat ass dann dee Jong, deen dohinner kënnt an e seet Äddi an da kënnt en awer erëm. Et ass een, deen net iwwer säi Schiet sprange kann. Dat ass och e Stéck gewiescht, wat immens gutt ukomm ass ... ech hu jo um “Unfall” geschafft - op den Assurances sociales an déi waren dat alleguer kucke komm an et waren der eng Partie derbäi, déi sech an deene Rollen erëmfonnt hunn. Dat war eng Karikatur iwwer d’Bürosliewen, dat huet mech faszinéiert an dat huet eng aner Form kritt.”

Den typesche Greisch-Stil ass domadder entstanen - seng Stécker an Texter waren ëmmer tragikomesch, dacks no beim Absurden. Hie selwer huet sech als grousse Melancholiker beschriwwen. Inspiréiert huet e sech bei Beckett, Tschechov, Pinter, Thomas Bernhard.

“Et si Leit, déi behaapten, ech hätt nëmmen ee Stéck geschriwwen. Awer da wéi e Museksstéck a verschiddene Variatiounen”, huet de Pol Greisch gegeckst.

1973 waren de Pol Greisch an d’Juliette François mam Marc Olinger Matgrënner vum TOL an hunn, wéi sou vill anerer, de Lëtzebuerger Theater verlooss.

De Pol Greisch huet awer och weider geschriwwen. D’Lëtzebuerger Sprooch war déi, an där hie sech am beschten ausdrécke konnt, och wann en um Ufank och däitsch geschriwwen huet. Seng Theeme waren ëmmer erëm d’Klengkaréiertheet, d’Kommunikatiounslosegkeet, Einsamkeet, Krankheet an och den Doud. Hei koum vrun allem dat Tragikomescht zum Droen, wéi an de Stécker “D’Margréitchen” oder “Grouss Vakanz”, mat deem en den nationale Literatur-Concours gewonnen huet. Dat war säi wuel gréisste Succès 1980 mat Juliette François, Fernand Fox a Misch Bock an enger Mise en scène vum Marc Olinger. D’Stéck krut Kult-Charakter, an e puer vu senge Wuertkreatiounen haten et och an d’Alldagssprooch gepackt, wéi: “Et fëschst“.

“Ouni Komik geet et net, ech fannen, dat war ëmmer meng Iddi tragikomesch Saachen- dat ass och a menger Prosa, net nëmmen am Theater. Ech fanne speziell déi Welt vun haut - déi futtis Welt an där mer liewen, ech packen déi net, wann ech do net d’Mëttel hunn, fir dat e bëssen z’iwwerbrécken, wat d’Ironie ass oder de Witz oder d’Komik ...”

Och wann den Theater him besonnesch uewe louch, huet de Pol Greisch awer och a ville Filmer matgespillt: vun “Déi Zwee vum Bierg” iwwer “Schacko Klack” bis bei “Rusty Boys” vum Andy Bausch. Hei seng Reaktioun bei der Avant-Première 2017.

Seng lescht Filmroll war 2020 am Kuerzfilm “Lupus” nieft dem Luc Schiltz. Literaresch war de Pol Greisch och nach ëmmer aktiv. Fir “De Monni aus Amerika” ass en 2013 eng zweete Kéier mam Servais-Präis ausgezeechent ginn.

2002 hat en och schonn de Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk kritt. Seng lescht Publikatioun “Tëscht Kaz a Kueder” (déi och 2018 op der Shortlëscht vum Prix Servais stoung) koum als Buch an als CD eraus, gelies vun him a mat musikaleschem Encadrement vu sengem Fils Cary Greisch op der Gittar a senger Enkelin Coralie um Cello.

De Pol Greisch hannerléisst eis e wichtegt Stéck Lëtzebuerger Kultur a Literatur, vu sech selwer sot en, e wier liddereg.
“Et huet mer Spaass gemaach, awer ech sinn e Lidderegen, muss ech soen. Ech schreiwen am Fong geholl guer net vill. An ech kann och net laang do sëtzen, fir ze schreiwen, well ech esou en onrouege Mënsch sinn.”

Merci fir d’Onrou, Pol Greisch. Fir déi intensiv Presenz op der Bün, déi räich Texter an déi markant Momenter virun der Kamera. Awer och fir de subtillen Humor, d’Jovialitéit an d’Gentillesse, mat deenen s du ëmmer op d’Leit duergaange bass.

Sengem Fils Cary Greisch an der ganzer Famill drécke mer eist häerzlecht Bäileed aus.

Back to Top
CIM LOGO