Nationalkongress vun Déi Lénk"Mir sinn de Motor vun der Oppositioun"

Ryck Thill
De soziale Fortschrëtt organiséieren! Dat war d'Thema vum Nationalkongress vun déi Lénk e Sonndeg zu Mamer. Wéi gewinnt, hu si net mat Kritik un der Regierung gespuert.

Logementskris, Pensiounen, Mindestloun oder déi geplangte Steierreform. Déi Lénk reprochéieren der Regierung, datt se an all dëse wichtegen Dossieren no der Päif vum Patronat géif danzen.

Nationalkongress vun Déi Lénk: "Mir sinn de Motor vun der Oppositioun"
De soziale Fortschrëtt organiséieren! Dat war d'Thema vum Nationalkongress vun déi Lénk. Wéi gewinnt, hu si net mat Kritik un der Regierung gespuert.

Ënnert anerem wat d'Logementspolitik ugeet: "Wou bleift de laang iwwerfällege Loyersdeckel? Wou bleift d'Strategie fir d'Buedemspekulatioun hei am Land ze bekämpfen? Wou bleift d'Erkenntnis, dass Wunnen e fundamentaalt Recht ass?", esou d’Spriecherin vun déi Lénk Carole Thoma an hirer Ried.

Dernieft ass een houfreg drop, datt een zejoert zesumme mat de Gewerkschaften et fäerdeg bruecht huet, datt dausenden Leit op d'Strooss gaange sinn, fir sech géint de Sozialofbau ze wieren. Elo dierft een net labber loossen an och fir den 1. Mee vill Leit mobiliséieren.

"De Premier wäert ganz genau kucken, wéi vill Leit den 1. Mee sech de Gewerkschaften uschléissen. Kommt, mir verschäissen him säi verlängerte Weekend a mir weise massiv Presenz de nächste Freiden", esou d'Carole Thoma.

Déi geplangte Steierreform gesinn déi Lénk éischter kritesch. Et wär sécher gutt, wann d'Stéit entlaascht ginn. Problematesch wär awer, datt déi Steiererliichterungen net duerch aner Recettë sollen ersat ginn. Suen, déi dann am Budget feelen. Si ënnerstellen dem Finanzminister Gilles Roth, sech mat dëser Steierreform profiléieren ze wëllen. Et wier jo kee Geheimnis, datt hien den Nofollger vum Premier Luc Frieden wéilt ginn, esou den Deputéierten David Wagner a senger Interventioun.

Déi schlecht Politik vun der Regierung spillt eis an d'Hänn, esou den allgemenge Constat vun Déi Lénk. Déi lescht Méint iwwer wiere vill nei a vill jonk Membere bäikomm.

Back to Top
CIM LOGO