PodPurri - mir schwätze Kultur - de Podcast dës Woch mam Lëtzebuerger Auteur Samuel Hamen iwwer en neie Roman an seng Residenz am TNL.

"Wie die Fliegen" heescht de Roman vum Samuel Hamen, dee geschwënn  am däitsche Verlag "Diaphanes" erauskënnt. Am Théâtre National gëtt dës Woch "Falsche Sonne" (31.3. & 1.4.) gewisen, eng Produktioun, bei där hie sech mat Texter vun der britescher Schrëftstellerin Anna Kavan befaasst.

D'Pendelen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg, geograpesch a sproochlech, ass fir de Samuel Hamen Alldag. No sengem Studium zu Heidelberg huet hien decidéiert d'Literatur och zum Beruff ze maachen.

Podpurri Episod 108 Samuel Hamen

Am TNL huet hien dem Christiane Kremer méi erzielt iwwer de Choix net Proff ze ginn, iwwer de Spagat tëscht zwee Länner, zwou Sproochen, d'Funktioun vum Kritiker a vun der A:LL, iwwer seng Faszinatioun fir Jelliskäpp an iwwer Detektivgeschichten a Road-Novellen.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL