De Podcast dës Woch mam éisterräichesche Schrëftsteller Reinhard Kaiser-Mühlecker, deen op Liesrees zu Lëtzebuerg war.

Hien ass Auteur a Bauer a fir de Reinhard Kaiser-Mühlecker si béid Beruffer Passiounen a béid Passioune vermësche sech och a senge Bicher. Dobäi sinn et keng Sachbicher, mee Romaner an deenen d'Geschichten am ländleche Raum spillen mat allen Erausfuerderungen, Krisen an Engagementer, déi haut d'Landwirtschaft kennt.

Podpurri Episod 114 Reinhard Kaiser-Mühlecker

Aacht Romaner huet den Eisterräicher scho geschriwwen an all goufe se vun der Kritik gutt opgeholl an deels och ausgezeechent. Fir säi leschte Roman "Wilderer" (2022 bei S. Fischer) krut hien de bayresche Buchpräis a war och fir den däitschen an den éisterräichesche Buchpräis nominéiert.

RTL

Am Abrëll war de Reinhard Kaiser-Mühlecker zu Lëtzebuerg. Bei dëser Liesrees huet hien, nieft dem LiteraTour zu Beetebuerg, och Statioun um Kasshaff gemaach, wou d'Christiane Kremer sech mat him ënnerhalen huet iwwer säin Don a seng Motivatioun fir ze schreiwen a Bauer ze sinn an iwwer  seng ganz besonnesch an zäitgenëssesch "Heimatromaner".

RTL

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL