Wat leeft?! 12.2.2020
De Kulturagenda
Aktuell Kulturnews an intressant Kultur-Rendezvousen
Konscht
Expo David Rosado@ Galerie Valerius
Bis de 29. Februar
De portugisesche Kënschtler David Rosado weist an der Expo "Willy Overdose" seng rezent Wierker, bei deenen hie sech u Pop-Kultur a Mäerchefiguren inspiréiert huet.
Musek
Wynton Marsalis@ Philharmonie
De 14. Februar
E vun de weltwäit bekanntesten Jazztrompetisten ass op Tour a kënnt och op Lëtzebuerg.
Theater
Um Stamminee@ Mierscher Kulturhaus
Bis den 20. Mäerz
Fir un d’Wierk vum Schrëftsteller Pir Kremer ze erënneren, huet de Claude Mangen am Mierscher Kulturhaus mam CNL eng Expo an e Spektakel op d’Been gestallt.
Am meeschte gelies