Aktuell Kulturnews an intressant Kultur-Rendezvousen
Adam Baldych&Helge Lien Trio @Cube 521
Den 13. Mäerz
De polnesche Geiist Adam Baldych ass zu Lëtzebuerg, an dat am Trio mat ënner anerem dem Pianist Helge Lien aus Norwegen. Den Adam Baldych gëllt als ee vun de beschten Jazz-Geiisten a versicht, Klassik, Jazz a Popmusek mateneen ze verbannen.
Expo Franck Chalendard @Galerie Ceysson et Bénétière
Bis den 18. Abrëll
„Peindre, cheminer, peindre“ heescht dem Franck Chalendard seng Expo an der Galerie Ceysson et Bénétière. Seng Aarbecht ass geprägt duerch Simplicitéit an de Formen a Faarwen. Heiansdo erënnert se un de Joseph Beuys, heiansdo u Mosaikkonscht. Inspiréiert ass de Kënschtler vu primäre Matière wéi Holz oder der Tapisserie aus dem Maroc an Indien.
Expo PFH*@Pomhouse Diddeleng
Bis den 17. Mee
De Kënschtler-Duo Karolina Markiewicz a Pascal Piron ass mëttlerweil e feste Begrëff an der Konschtwelt. Zu Diddeleng am Pomhouse weise si elo hir Ausstellung „PFH*“, an där si hir Analyse iwwer de Mënsch an der Geschicht verdéiwen. D’Expo ass multimedial – Biller, Schrëft, Projektioun, Elementer aus Kino, Theater, Performance a Virtual Realitiy kann een hei entdecken.