Aktuell Kulturnews an intressant Kultur-Rendezvousen
Danz
Shoot the Cameraman @ Cape
De 27. Februar
Wéi kann een d’Emotioune vun Dänzer afänken, mat op der Bün sinn an awer e Spektakel ganz nokucken ? D’Danz-Kompanie AWA schafft an hirer Kreatioun « Shoot the Cameraman » mat Kamera a Projektioun.
Musek
Eli Keszler @ Rotondes
Den 1. Mäerz
Wien experimentell Musek gär huet, deen ass um Concert vum Eli Keszler richteg. Den New Yorker Batteur weist eng richteg Performance a spillt dobäi mat traditionellen, renge Perkussiouns-kläng an engem elektronesche Sound.
Expo Tony Cragg @ Galerie Nosbaum Reding
Bis de 14. Mäerz
No senger Ausstellung 2017 am Mudam, ass den Tony Cragg erëm mat senge Wierker zu Lëtzebuerg – an dat an der Galerie Nosbaum Reding. De britesche Kënschtler weist Skulptur-Serien, déi op Zeechnungen an 3D-Modeller baséieren.