Aktuell Kulturnews an intressant Kultur-Rendezvousen
Theater
Das letzte Feuer @ Kapuziner Theater
Bis den 11. Mäerz
« Das letzte Feuer » vum Dea Loher erzielt eng tragesch Geschicht vu Schold an Ongléck mat verletzlechen Figuren.
De Mains de Maîtres 2020
Appel à candidatures
Bis den 31. Mäerz
Den Datum fir di 3 Biennale vum Konschthandwierk, mam Titel « Vivre la matière » ass eraus : den 26. bis de29. November. Méi Informatiounen sinn um um Internetsite « demainsdemaitres.lu »
Programm Echterlive @ Iechternach
De 17. - 19. Juli
National an international Artisten aus dem Beräich Singer a Songwriter, Jazz a Klassik kommen an d'Abtei-Stad: zB de Rufus Wainwright oder d’Judith Hill, dat souwuel mam Michal Jackson wéi mam Prince gesongen huet, awer och Cathy Krier, Claudine Muno, den EDSUN a Benoît Martiny.