Aktuell Kulturnews an intressant Kultur-Rendezvousen
Film
10. Editioun LuxFilmFest bis den 15. Mäerz
127 Filmer lafen um Luxembourg City Film Festival an dat an ënnerschiddleche Kinoen a Kategorien: national an international Court- a Long-Métragen, Animatiounsfilmer an Documentairen, wéi "Pinocchio" oder „Colectiv".
Musek
Zeltik Festival@ Diddeleng 6. & 7. Mäerz
En anere regelméissege Rendezvous ass den Zeltik Festival an der Sportshal vum Lycée Nic Biever zu Diddeleng. Keltesch Kläng an Dänz ginn et de 6. Mäerz owes an de 7. Mäerz mat de Red Hot Chilli Pipers, Celtic Social Club de Modena City Ramblers, oder Schëppe Siwen.
Theater
Sophia, der Tod und ich @ Escher Theater 9. & 10 Mäerz
Wat geschitt, wann op emol den Doud perséinlech virun der Dier steet? An dann och nach d'Ex-Frendin optaucht? Et erlierft e säin eege Liewen emol anescht! De Staatstheater Mainz ass zu Esch mam Stéck „Sophia, der Tod und ich“.