Membere vun der taiwanescher Garde-Côte hunn ën Dënschdeg, zesumme mat Benevollen, véier Zwergkillerwalen, déi um Strand net wäit vun der neier Danjiang Bréck zu New Taipei City u Land ugeschwemmt gi waren, gerett. Op Videomaterial, dat d'Autoritéite publizéiert hunn, ass ze gesinn, wéi d'Retter d'Déiere mat naassen Dicher bedecken a Mierwaasser iwwert se géissen. D'Rettungsaarbechte vun den Déieren hu sech iwwer Stonne gezunn.
D'Wale koumen dono an e Rettungs- an Rehabilitatiounszenter op Keelung, eng Stad un der Küst am Nordoste vum Taiwan. Hei gouf hiren Zoustand evaluéiert.
Engem Bäitrag an de soziale Medien no vun der Taiwan Cetacean Society, déi de Rettungszenter leed, heescht et, datt d'Déieren, zwee männlech an zwee weiblech Waler, liicht ënnergewiichteg wieren a verschidden Entzündungen hätten. Eent vun de Weibercher wier och trächteg. Soss géif et den Déieren awer gutt goen. Si hätten och, obwuel se eréischt een Dag am Zenter wieren, schonn d'Standarden erfëllt, fir nees an d'Fräiheet entlooss ze ginn. Dëse Schratt plangt een dann och direkt fir e Mëttwoch de Mëtteg.