Rio de JaneiroPolice-Hond erschnoffelt zoufälleg Rekordquantitéit un Drogen

AFP, iwwersat vun RTL
Ganzer 48 Tonne Marihuana huet e Police-Mupp an enger Favela zu Rio de Janeiro erschnoffelt. Fënnef Stonnen huet et gedauert, fir d'Drogen ze biergen.
Die brasilianische Polizei hat in Rio de Janeiro bei einer Razzia in einer Favela die Rekordmenge von 48 Tonnen Marihuana sichergestellt - mit Hilfe eines Spürhundes, der die Drogen zufällig erschnüffelte.
De Police-Mupp “Hulk” virun de saiséierten Drogen.
© AFP

Déi brasilianesch Police huet e Mëttwoch zu Rio de Janeiro bei enger Razzia an enger Favela d’Rekordquantitéit vun 48 Tonne Marihuana séchergestallt - mat Hëllef vun engem Policehond, deen d’Drogen zoufälleg bei engem regulären Asaz géint e kriminelle Grupp erschnoffelt huet.

De Mupp “Hulk” hätt d’Drogen der Police no an der Favela Complexo da Mare am Norde vu Rio ënnert engem Waassertank fonnt. Beamten hunn do e Bunker entdeckt, an deem d’Droge verstoppt waren. “All dat war just dem Hond ze verdanken”, esou de Kommandant vun der Hondsstaffel, de Luciano Pedro Barbosa, géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.

An engem Communiqué vun der Police heescht et, datt d’Poliziste fënnef Stonne gebraucht hunn, fir d’Drogen ze biergen. Wärend dem Fort-Transportéiere sinn d’Beamten nach an eng Schéisserei geroden, bei där ee vun de presuméierten Täter festgeholl gi wier.

Um Asaz, deen en Dënschdeg gestart gi war, waren 250 Beamte bedeelegt, déi nieft den Droge fënnef Gewierer, véier Pistoulen a 26 geklaut Gefierer saiséiert hunn. D’Police huet de Wäert vum Marihuana mat ëmgerechent 8,4 Milliounen Euro uginn. D’Rekordquantitéit un Drogen, déi bis dohi saiséiert goufen, ware 36,5 Tonnen, déi 2021 am Bundesstaat Mato Grosso do Sul séchergestallt gi waren.

Back to Top
CIM LOGO