Am Replay op RTL PLAYAnne's Retro Kitchen - Episod 5: Paul Eischen – Filet Mignon mat Chiconen

RTL Lëtzebuerg
Aus dem RTL-Archiv zeréck an d'Kichen - legendär Rezepter aus den 90er Joren. Déi Kéier mécht d’Anne Faber dem Paul Eischen säi Plat vun 2002 no.
© RTL
Paul Eischen – Filet Mignon mat Chiconen
D’Anne mécht dem Paul Eischen säi flotte Plat aus dem Joer 2002 no.

Filet Mignon mat Chiconen

Fir 4 Persounen

6 Chiconen

110g Botter

1 Iessläffel Zocker

120ml Ram

2 Eer, opgeklappt

800g Filet mignon de Porc

12 Tranchë gereecherte Speck

Fir d’Zooss:

30g Botter

1 Schallott, reng gehackt

50ml Porto

400ml Fond de Veau

100ml Ram

1 Tomat, entkäert an a kleng Cubë geschnidden

10g Bratzelen, gehackt

Di baussent Blieder vun de Chiconen oftrennen, sou dass een 32 Blieder kritt. 80 Gramm Botter an enger Pan erhëtzen an d’Chiconsblieder mat enger Pouz Salz an engem Läffel Zocker doran undënsten a karamelliséieren, bis se mëll sinn.

De Rescht Chiconen opschneiden, d’Häerz erausschneiden an entsuergen, an d’Chiconen an dënn Tranchë schneiden.

An enger zweeter Kasserolle 30 Gramm Botter schmëlzen an d’tranchéiert Chicone mat enger Pouz Salz undënsten. Wann se bis mëll sinn, vun der Plack huelen an d’Ram dobäischëdden an d’Ee mat e bëssi Peffer ënnermëschen.

4 Lächer vun enger Muffinform mat de karamelliséierte Chiconsblieder ausleeën, sou dass d’Blieder aus der Form eraushänken. Mat der Chicon-Eeërmëschung fëllen an d’Blieder zouklappen, sou dass e klenge Päckelchen entsteet.

De Schäffchen op 140°C Umluft virhëtzen. D’Muffinform an eng Gratinsform stellen, da genuch kachend Waasser dobäischëdden, sou dass se hallef am Waasser stinn.

An de Schäffche stellen an 40 Minutten baken.

Wärend där Zäit d’Fleesch preparéieren. De Filet mat Salz a Peffer wierzen, dann an 12 Stecker vu 60 Gramm schneiden. Jeeweils all Stéck mat enger Scheif Speck ëmwéckelen a mat Kicheschnouer zoubannen.

E Schotz Ueleg mat engem Schnatz Botter an enger grousser Pan erhëtzen an d’Fleesch op béide Säite gutt ubroden, sou dass et gutt brong gëtt. Aus der Pan huelen an d’Fleesch op e Bakblech ginn.

Wann d’Chicone bis fäerdeg sinn, de Schäffchen op 180°C Umluft erhëtzen an d’Fleesch eng weider 8 Minutte baken, bis et duerch ass.

Wärend där Zäit d’Zooss preparéieren.

De Botter an d’Pan mat de Fleeschjuse ginn an d’Schallotten dran ubroden. Mat Porto ofläschen. Fond de Veau dobäiginn a 5 Minutte reduzéieren loossen, dann d’Ram dobäiginn an eng weider 3 Minutte kachen.

Kuerz virum zerwéieren d’Tomatencuben an d’Bratzelen ënnert d’Zooss ginn a mat Salz a Peffer ofschmaachen.

D’Chiconen aus der Form huelen an an d’Mëtt vun all Teller ginn. D’Zooss ronderëm verdeelen an da jeeweils mat 3 Stecker Fleesch uriichten.

© Anne Faber

Back to Top
CIM LOGO