Anne's Retro Kitchen (Episod 4)Dem Pierre Dillenburg säi Scampisgratin

RTL Lëtzebuerg
Aus dem RTL-Archiv zeréck an d'Kichen - Legendär Rezepter aus den 90er Joren.
© © Anne Faber

Wat war an den 90er Joren Trend a wat misst eventuell e klengen Update kréien? A senger eegener Kiche kacht d'Anne déi klassesch Platen no an erfënnt se deels nei.

D'Anne rekreéiert am 4. Episod dem Pierre Dillenburg säi Gratin de Scampi, deen hien den 5. Juni 1998 dem Max Kuborn "Beim Kichechef" zerwéiert hat.

Pierre Dillenburg – Scampisgratin
D'Anne rekreéiert dem Pierre Dillenburg säin Lieblingsplat aus dem Joer 1998

Kuckt hei d'Sendung aus dem Joer 1998

1998 huet de Pierre Dillenburg „Beim Kichechef“ e Gratin de Scampi gekacht.
De 5. Juni 1998 huet de Pierre Dillenburg dem Max Kuborn „Beim Kichechef“ e Gratin de Scampi zerwéiert.

Rezept fir Nozekachen

Scampisgratin

E Rezept vum Pierre Dillenburg

Mécht 1 Gratin fir 6 Persounen

  • 3 Wuerzelen
  • 500g Champignonen
  • 60g Botter
  • 2 Schallotten, reng gehackt
  • 3 Knuewelekszéiwen, zerdréckt
  • Eng Handvoll Peiterseilech
  • ½ Tub Tomatenpaste
  • 150ml wäisse Wäin
  • 500g entdeeten, déveneiert Scampien
  • 80ml Calvados
  • En Schotz Cognac
  • 2 Iessläffel Ketchup

Fir d’Bechamel:

  • 45g Botter
  • 3 Iessläffel Miel
  • 500ml Vollmëllech
  • 3 Iessläffel Sauerram
  • 25g Parmesan, gerappt

D’Wuerzele schielen an a ½ cm deck Scheiwe schneiden.

D’Champignonen an dënn Scheiwe schneiden an op d’Säit stellen.

30g Botter an enger mëttelgrousser Casserole schmëlzen an d’Schallotte mam Knuewelek an enger Pouz Salz fir 2 Minutten ubroden. D’Wuerzelen dobäiginn, ofdecken an 10 Minutte bei niddreger Hëtzt kachen, dobäi vun Zäit zu Zäit emreieren.

Wärend där Zäit di reschtlech 30g Botter an enger grousser Pan schmëlzen an d’Champignone mat enger Pouz Salz ubrode bis d’Waasser rausgezunn huet a verdonst ass.

D’Bechamel an enger zweeter Casserole maachen: de Botter schmëlzen, d’Miel dobäi ginn a kuerz ubroden. D’Mëllech mat enger Pouz Salz dobäiginn, dobäi di ganzen Zäit gutt reieren sou dass d’Zooss déckst. Zum Schluss d’Sauerram an de Parmesan ënnermëschen an eventuell mat Salz nowierzen. Op d’Säit stellen.

No 10 Minutten de wäisse Wäin bei d’Wuerzele schëdden, dann de Péiterséileg an d’Tomatenpaste dobäi ginn a 5 Minutte kachen.

No 5 Minutten de Calvados dobäischedden a flambéieren.

Dann d’Scampien, de Ketchup, Salz, Peffer a 50ml Waasser dobäiginn. Eng 4 Minutte kache bis d’Scampie bal duerch sinn, dann e Schotz Cognac dobäi ginn an nach eng weider Minutt kachen.

De Schäffchen op 180°C Umluft virhëtzen.

D’Scampien an eng Gratinsform ginn, mat de Champignonen an der Bechamel bedecken an dann 20 Minutte baken.

Mat Räis als Bäilag zerwéieren.

© Anne Faber

Back to Top
CIM LOGO