
Et gëtt se an alle méigleche Formen a Variatiounen an och d'Nimm änneren, jee no Land oder Regioun staark. Rieds ass vun den Nems, respektiv Frühlingsrollen, wéi se hei an der Géigend dacks einfach genannt ginn. Dës Spezialitéit, déi mir dacks als Entrée am asiatesche Restaurant bestellen, kënnt eendeiteg aus dem asiatesche Raum (also China, Vietnam, Thailand, Taiwan ...), ma praktesch am ganze westleche Raum hunn d'Nems zënter Joerzéngten eng fest Plaz an der Kulinarik fonnt an d'Variatiounen dovunner si reegelrecht an hirer Unzuel explodéiert.
Och wann d'Nems oder d'Frühlingsrollen eng fest Plaz bei eis hunn an eng vun den Trademarks vun der asiatescher Kichen bei eis an Europa an an den USA gi sinn, kritt een dës lecker a knuspereg Spezialitéiten natierlech haaptsächlech am asiatesche Restaurant, eben do, wou se hiren Ursprong hunn. Natierlech kann ee sech Nems och fäerdeg an déifgefruer kafen a selwer an der Friteuse oder am Air Fryer maachen, mä och hei ass et wéi bei allem: Am beschte sinn dës Rullen einfach, wa se handgemaach a frësch zoubereet sinn.
Sou ënnerschiddlech d'Nimm vun dëser beléifter Entrée sinn, sou ënnerschiddlech sinn och déi verschidden Aart a Weisen fir se ze maachen. D'Zort vum Deeg, d'Fëllung, d'Aart a Weis se zouzebereeden an ze rullen, sou wéi eben och den Numm, changéieren vu Regioun zu Regioun, vu Land zu Land. Wat se verbënnt ass de Fakt, dass et sech hei ëm eng Rull handelt, bei där eng Fëllung aus Geméis an optional Fleesch (Rëndfleesch oder Schwäin) an en Deeg gewéckelt gëtt an an de meeschte Fäll frittéiert gëtt. Wann een dann nach eng gutt Zooss dobäi huet, fir se dran ze zappen, ass d'Frühlingsrolle dacks de perfekte Start fir en asiatesche Menu, wann net souguer de Star vum Owend.
Mir hunn d'Stëmmen ausgezielt, hei sinn är Top 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg gutt Nems ze iessen!
All d'Plazen, déi sech an den Top 10 konnte placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert. Ronn 1.000 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach.
Ouverture vum Restaurant: 15. Mee 1992
Adresse: 29 Av. de la Gare, 4734 Pétange
Kontakt: 503379
Online: Offizielle Site
Wien aus dem Minett kënnt, speziell wann ee vu Péiteng oder Ëmgéigend ënnerwee, dee weess, dass "La Couronne Royale" en reegelrecht Institutioun ënnert de chineesesche Restauranten zu Lëtzebuerg ass. Praktesch genee 34 Joer laang kritt een elo schonn an der Avenue de la Gare zu Péiteng chineesesch Spezialitéiten zerwéiert, dat ouni Ënnerbriechung a mat vill Succès, wéi séier no der Ouverture deemools kloer war.
Dréi- an Aangelpunkt an dësem Restaurant, et ass net z'iwwersinn, wann een hei erakënnt, ass d'Patrone vun der Couronne Royale, Tsui-Sun, och nach gären "Iko" vun de Stammclienten genannt, där et der méi wéi genuch ginn. Dass d'Iko mat Leif a Séil dobäi ass, wann et ëm de Restaurant geet, mierkt een direkt. D'Gaaschtfrëndlechkeet an d'Oppenheet déi engem hei entgéintkënnt, spiert een, iert een iwwerhaapt eppes viru sech um Teller huet.
Sou huet d'Iko dann och direkt drop bestanen, dass mir an der Kiche gewise kréien, wéi se hir Nems maachen, iert et dunn un den Dësch goung, fir se ze schmaachen. Dat zesumme mat der Patronne natierlech, déi ëmmer nees gären Nems a Frühlingsrollen ësst. Ee vun de Secreten vun hiren Nems ass, op een et gleeft oder net, Béier. Hei gëtt, natierlech eng Zort aus dem Süde vum Land, e gudde Schotz an den Ueleg geschott, fir sou e bessere Goût ze kréien, verréit eis d'Kiche-Personal.
De Chefkach an der Kiche kacht schonn zënter deem en 13 Joer al ass, dat mat enger extrem grousser Passioun, verréit eis d'Iko. Ënnert anerem a renomméierte Restauranten zu Hong Kong huet hie geschafft, iert hien dunn op Lëtzebuerg koum. Mëttlerweil huet hie schonn 45 Joer Erfarung an ass ëmmer nach voller Energie bei der Saach. Ënnert anerem huet hien, iert en 1992 zu Péiteng ugefaangen huet, am Confucius an der Stad Lëtzebuerg geschafft, deen iwwregens e wéineg drënner sech och an d'Top 10 vun eisem Ranking konnt placéieren. Dass mir hie bei der Aarbecht an der Kiche konnte begleeden, ass iwwregens keng Selbstverständlechkeet gewiescht, hie schafft nämlech gären strikt an aller Rou an ouni friem An an der Kichen.
D'Freed iwwert d'Auszeechnung vum Readers' Choice beim Iko war grouss a si ass extrem houfreg op hir Ekipp, ouni déi dat net géif goen, an dankbar, dass si sou vill trei Clienten huet, déi si zënter Jore schonn ënnerstëtzen. Déi éischte Plaz geet dës Kéier ganz eendeiteg un d'Couronne Royale zu Péiteng. Gratulatioun un de Restaurant, deen et schonn zënter Joerzéngten am Süde vum Land gëtt a wuel och nach laang do wäert bleiwen.
Ouverture vum Restaurant: 10. Juli 2025
Adress: 13 Grousstrooss, 3730 Rümelingen
Kontakt: +352 621 626 124
Online: Offizielle Site
Net emol e Joer gëtt et den Thai Tae an der Haaptstrooss zu Rëmeleng, an dach schéngen d'Leit Feier a Flam ze sinn, op alle Fall mol wat d'Nems ugeet. De Restaurant huet sech, trotz sengem jonken Alter, géint d'Konkurrenz behaapt a gouf op déi 2. Plaz gewielt, an dat huet definitiv eppes ze heeschen, no sou kuerzem Bestoen.
De Gerant vum Thai Tae, den Dany Weis, erkläert sech dës gutt Plaz wuel mat der Qualitéit vun de Produiten an dass alles selwer gemaach ass. Seng Fra, déi iwwregens aus Thailand kënnt, géif "hiert ganzt Häerz" an d'Iesse stiechen, dat d'Clienten am Restaurant zerwéiert kréien an dat géif ee schmaachen. D'Rulle géifen dacks a vu ville Clienten als Entrée bestallt ginn, se si ganz kloer bei de Leit zu Lëtzebuerg ukomm, dat scho ganz laang an nach ëmmer.
De Grond wier och hei einfach erkläert. D'Nems loosse sech einfach iessen, se sinn net ze schwéier an et kann een der och einfach méi bestellen an se einfach mat de Leit um Dësch deelen. Fingerfood par excellence eben. E weidert Geheimnis vun enger gudder Frühlingsroll ass, sou den Dany Weis, dass een net ze vill Ingredienten dramécht a sech op déi essentiel Saache konzentréiert, dass de Goût eng gutt Balance huet a liicht bleift. Et soll ee rausschmaache kënne, wéi eng Ingredienten dra sinn.
Zwou Zorte kritt een am Thai Tae: Eng kéier eng traditionell thailännesch Versioun vun der Rull, mat Geméis an eng méi ugepasst fir den europäesche Marché, déi kritt een da mat Poulet a Curry.
Maacht iech am Beschte selwer e Bild vun den Nems zu Rëmeleng. Eis RTL-Useren gesinn den Thai Tae op alle Fall ganz uewen um Podium.
Ouverture vum Restaurant: 2011 (1978)
Adress: 187 Rue des Aubépines, 1145 Märel Luxembourg
Kontakt: +352 22 40 10
Online: Offizielle Site
Zënter geschwë 15 Joer gëtt et de Restaurant "New Confucius" elo schonn um Eck zu Märel an der Stad, direkt vis-à-vis vum CHL. Wéi eis de Patron, den Jun Qiao erzielt, hätt hie mat 18 Joer ugefaangen am Restaurant ze schaffen, mëttlerweil mécht hien dat schonn 38 Joer. Iert een zu Märel seng Dieren nei zu Märel opgemaach huet, war de chineesesche Restaurant nach um Boulevard Royal an der Stad. Am Joer 1978 huet de Restaurant seng Dieren déi éischte Kéier opgemaach, also viru bal 50 Joer.
Et mierkt een direkt, dass dem Jun Qiao, och wann d'Kris vu Corona nach däitlech ze spiere wier, säin Job gäre mécht, vill Freed dra stécht an och nach ëmmer extrem grousse Wäert op frësch Wueren an handgemaache Plate setzt.
D'Rezepter kommen iwwregens praktesch alleguerte vun der Groussmamm vum Jun Qiao, déi elo schonn an der 3. Generatioun am Restaurant genotzt ginn. Dat mat Erfolleg, wéi déi 3. Plaz an eisem Sondage weist. Weder bei de Frühlingsrollen, respektiv den Nems, nach bei soss eppes op der Kaart, hätt een an all deene Jore eppes geännert, d'Kaart ass zënter dem éischten Dag déi selwecht, upasse géif een sech ongären, well een d'Traditioun vun de Platen wëll bäibehalen.
D'Qualitéit an d'Zäit fir d'Preparatioun ginn am "New Confucius" grouss geschriwwen, dat gëllt och fir hir Rullen. Hei gëtt den Deeg souguer selwer gemaach, d'Fëllung besteet aus enger Mëschung aus Geméis, Vermicelles a Schwéngefleesch. Den Jun Qiao ënnersträicht, dass ee richteg chineesesch Nems traditionell mat engem Stéck Mënz an en Zaloteblat awéckelt, an dann mat der selwer-gemaachter Zooss genéisst.
Gratulatioun fir déi 3. Plaz, den "New Confucius" huet op alle Fall an all deene Joren wéi et schéngt alles richteg gemaach.
Adress: Belval Plaza Shopping Center, 7-14 Av. du Rock'n'Roll, 4361 Belval Esch an der Alzette, Luxemburg
Kontakt: +35226262599
Online: Offizielle Site

Adress: 14 rue de la Gare, Goebelsmuhle, Luxembourg, 9153 (Foodtruck)
Kontakt: +352 621 598 638
Online: Facebook-Site

Adress: 2 Rue de Medingen, 5335 Moutfort Contern, Luxemburg
Kontakt: +352350345
Online: Offizielle Site

Adress: 16 Esplanade, 9227 Diekirch, Luxemburg
Kontakt: +35226804952
Online: Offizielle Site

Adress: 1 gare Op der, 1 Op Der Gare, 5730 Aspelt, Luxemburg
Kontakt: +35227687708
Online: Offizielle Site

Adress: 14 Rue de Reckange, 3943 Mondercange, Luxemburg
Kontakt: +35226176869
Online: Offizielle Site

Adress: 89 Rte de Luxembourg, 9125 Schieren, Luxemburg
Kontakt: +35226810081
Online: Offizielle Site

LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Pizza
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Kebab
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Sushi
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte portugisesche Restaurant
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Kniddelen
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht vegetarescht/vegaant Iessen
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Glace
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Bouchée à la Reine
LINK: RTL-Readers' Choice - Beschte Burger
LINK: RTL-Readers' Choice - Bescht Fueskichelcher