ItalienBrasilianesch Nonn erdronk bei Rettungsaktioun viru Sizilien

RTL Lëtzebuerg
Eng brasilianesch Nonn ass ëm d’Liewe komm, wéi si probéiert huet, zwou Schwësteren aus dem Mier ze retten.
© Vatican News Social

Déi 44 Joer al Nadir Santos da Silva ass un der Küst vu Vaccarizzo an d’Waasser geroden.

Déi véier Nonnen haten den Dag um Mier verbruecht, wéi sech op eemol en Deel vum Bord geléist huet. Staark Wellen hunn d’Fraen an d'oppent Mier gezunn. D’Nadir Santos da Silva an eng aner Nonn sinn direkt an d’Waasser gesprongen, fir déi aner ze retten. Eng vun hinnen huet et zeréck gepackt, mee déi brasilianesch Nonn ass ënnergaangen. Rettungsequippen hu si méi spéit vu sech erëmbruecht, mee si konnt net méi gerett ginn.

D’Par zu San Giovanni La Punta huet si als engagéiert a ganz hëllefsbereet Uerdensfra gewierdegt.

Back to Top
CIM LOGO