MéchelsdagE "bloe Stär" fir 32 exemplaresch Polizisten

François Aulner
"D’Police ass gefrot" war e bëssen de Motto um Fest vun der Police hirem Schutzpatréiner. E Méindeg war eng Zeremonie um Kanounenhiwwel, eng Mass an der Méchelskierch beim Fëschmaart an duerno eng Receptioun am Cercle an der Stad.

De Policeminister Léon Gloden an de Policedirekter Pascal Peters hunn an hire Rieden eng Rei Mesuren ervirgestrach, déi d’Aarbecht vun der Police an d’Sécherheet verbessert hätten an neier an Aussiicht gestallt.

Aktuell Entwécklungen a Sondageresultater géingen erfuerderen, datt een d’Sécherheet eescht hëllt. De Policedirekter huet d’Randalen a Frankräich an an der Belsch genannt an un d’Kolleegen déi Säit der Grenz geduecht. De Léon Gloden huet d’RTL-Wort-Ëmfro erwäänt, an där 87% vun de Befrote sech e méi strengt Virgoe géint Persounen, déi fir Onrou suergen, gewënscht hunn.

D’CSV-DP-Regierung probéiert dat schonn zanter Enn 2023. De Léon Gloden respektiv de Pascal Peters hunn ënnert anerem follgend Mesurë genannt:

  • de Platzverweis renforcé
  • Bodycams
  • Taseren
  • e vereinfachte Camera-Iwwerwaachungskader Visupol
  • méi Presenz um Terrain mat méi Patrullen
  • e 24 op 7 Kommissariat zu Diddeleng an an der Uewerstad

Nei geplangt sinn dann och modulabel Uniformen an Erkennung vun Nummereschëlder op den Autobunnen, d’Comparution accelerée a méi streng Sanktioune bei gewëssenen Doten.

Natierlech muss een nach d’Hausse vum Effectif nennen - de Rekrutement-Contingent gouf vun 150 op 200 eropgesat. D’Police wier tëscht 2023 an 2025 ëm 500 Beamte gewuess. De Pascal Peters huet just d’Remarque gemaach, datt bei der Infrastruktur nach "Loft no uewe" wier.

De bloe Stär

De Policedirekter Pascal Peters huet awer eng nei Telefonslinn begréisst – d’Ligne bleue – déi den 113 ëm 2.300 Demandë vu Leit entlaascht hätt. Am Interêt vu Police a Bierger wier och, datt d’Beamten elo Tablets oder Laptoppen dobäi hunn, fir gewëss Prozeduren direkt op der Plaz kënnen ze maachen. An da gëtt et neierdéngs de "Bloe Stär": eng Medail an Unerkennung fir exemplaresch Beamten. 32 goufe verdeelt.

E Video gouf op der Receptioun gewisen, an deem déi meescht ausgezeechent Beamtinnen a Beamten aus Sécherheetsgrënn anonym waren, mee hir Akten erzielt goufen. Dat goung vun Asätz, an deene Beamte Liewe gerett hunn, iwwert Enquêten oder intern erfollegräich Upassungen, bis hin zu enger Denonciatioun, an zwar déi vu Policegewalt um Kommissariat op der Stater Gare, deen antëscht zou ass.

"Déif gesellschaftlech Problemer"

De Policedirekter huet positiv Resultater duerch hir Aarbecht erwäänt an de Beräicher Abréch, Vollen oder Drogen. Interpelléiert wier d’Police awer vun ëmmer méi kierperlecher Gewalt, notamment mat Messeren. D’Beamte wieren d’lescht Joer 20 Prozent méi op esou Asätz gewiescht ewéi 2023. De Pascal Peters huet awer betount, datt déi meescht Fäll am familiären Ëmkrees wieren. "Vill aktuell diskutéiert a sougenannt Sécherheetsproblemer sinn éischter méi déif gesellschaftlech Problemer", esou den Direkter vun der Police.

Esouwuel hien, ewéi de Minister hunn d’Rolle vun der Justiz ervirgestrach, mee och vun der Santé an der Famill.

Back to Top
CIM LOGO