
An der Nuecht op e Sonndeg war der Police géint 00:30 Auer gemellt ginn, dass sech op engem Parking an der Rue General Patton zu Conter eng ganz Partie Chauffere mat hire Gefierer versammelt hätten. Verschiddener hätte geféierlech Drift-Manöveren duerchgeféiert.
Opgrond vun enormer Unzuel un Autoe war e gréisseren Asaz koordinéiert ginn. Méi wéi 20 Patrullen aus dem ganze Land waren op d'Plaz gefuer, dorënner de Groupe de Support Opérationnel an d'Hondsstaffel.
Ronn 110 Gefierer sinn duerno kontrolléiert ginn. Dobäi si 47 Verstéiss géint de Code de la Route festgestallt ginn. Ënnert anerem goufen technesch Verännerunge festgestallt, déi net zoulässeg sinn, falsch oder feelend Dokumenter, Verstéiss géint d'Gurtflicht, net konform Verglasung oder Pneuen a Beliichtung, déi net de Virschrëften entsprach hunn.
An enger Rei Fäll si Mängel constatéiert ginn, déi e Weiderfuere vun de betraffene Gefierer net zougelooss hunn. D'Verstéiss sinn entspriechend protokolléiert, respektiv mat Verwarnunge bestrooft ginn.