
Kloer, et léisst sech driwwer streiden, wou de Plat elo genee hierkënnt... Ma dach dierft et wuel onëmstridden dat Iesse sinn, dat vill Leit mam Grand-Duché verbannen, jo et kéint ee bal soen, dass et ee vun eisen National-Platen ass.
Miel, Salz, Eeër a Mëllech... dat sinn a sech d’Grond-Ingrediente fir Kniddelen ze maachen. Kléngt einfach a banal, an dach huet all Stot seng eegen Tricken, Erfarungen a Twisten, déi d’Kniddelen zum Schluss besonnesch gutt gi loossen. Kënnt Spruddelwaasser an den Deeg? Wéi laang muss den Deeg roue gelooss ginn? Ugebroden oder net? Dacks ginn d’Rezepter souguer an der Famill schonn zënter Generatioune weiderginn.
Donieft ginn et och nach eng sëllege verschidde Variatiounen, sief et ugebrode mat oder ouni Speck oder mat enger Ram-Zooss respektiv mat oder ouni Äppelkompott. Mëttlerweil ass et och net méi onüblech, sech d’Kniddele beispillsweis mat enger Tomatenzooss, Scampien oder enger Moschterzooss a Wäinzoossisse schmaachen ze loossen. Der Kreativitéit sinn hei keng Grenze gesat, d’Miel-Kniddele passe praktesch bei alles.
Och wa Kniddelen traditionell doheem am Stot gemaach goufen an natierlech ëmmer nach ginn an éischter als einfacht Iesse gëllen, ginn et mëttlerweil extrem vill Plazen an der Restauratioun, wou ee se sech bestelle kann. Virun allem a Restauranten a Bistroen, an deenen een traditionellt lëtzebuergescht Iesse kritt, dierfen d’Kniddelen net op der Kaart feelen. Awer och op Stänn oder Foodtrucke fënnt ee Kniddelen ëmmer méi dacks.
Mir hu gefrot, Dir hutt ofgestëmmt, hei sinn Är Top 20 Plazen zu Lëtzebuerg, op deenen een Ärer Meenung no déi beschte Kniddele kritt!
Ouverture vum Restaurant: Juni 2018
Adress: 3 Péiter vun Uespelt-Strooss, 5710 Uespelt
Beléiftste Kniddelen: Kniddele mat Speck, Kniddele mat Ram a Speck, Kniddele mat Wäinzoossiss
Pluspunkt: grouss a qualitativ héichwäerteg Auswiel u Varianten, grouss a roueg Terrass, authentescht Personal, Kniddele mat Wëld a Kniddelszalot
Bei dëser Editioun sinn nees vill Proposen erakomm, virun allem op de Plazen 2 bis 10 waren d’Positiounen deelweis haart ëmkämpft. Ma déi éischt Plaz geet mat klorem an däitlechem Virsprong un den “Am Kraeltgen” zu Uespelt, do war de Vott dës Kéier méi wéi eendeiteg a fir d’Konkurrenz näischt ze maachen.
Opgaangen ass de Kraeltgen am Juni 2018, e Restaurant, deen enk verbonne mat der “Conter Stuff” zu Contern war, sou de Christian Derichs a seng Fra Carole Reger, déi zwee Patrone vum Betrib. Der Mamm vum Christian huet de Restaurant “Conter Stuff” nämlech gehéiert a gouf am selwechte Joer wéi de Kraeltgen opgaangen ass, vun der Koppel iwwerholl. De Bail zu Contern gouf awer du wéinst dem schlechten Zoustand vum Gebai vun der Koppel gekënnegt, sou dass sech just nach op deen heite Restaurant zu Uespelt konzentréiert gouf.
Konzept, Kaart an och deelweis d’Personal sinn zu groussen Deeler déi selwecht bliwwen, wéi an der Conter Stuff. Eng éierlech Lëtzebuerger Kichen, mat neie kreativen Iddien, déi einfach schmaacht. “Comfort food” kéint een et gutt a gären nennen, eppes, dat d’Kniddel jo souwisou ausstraalt. D’Rezept fir d’Kniddelen, déi an der Conter Stuff schonn eng grouss Roll gespillt hunn, gouf iwwregens 1:1 vun der Ur-Quell iwwerholl. Hei dréit et sech ëm d’Original-Rezept vun der Bom vum Patron héchstperséinlech, där dës 1. Plaz “bestëmmt gutt gefall hätt”, sou de Christian Derichs, deen houfreg op d’Famillje-Rezept ass.
Och de Kach, de Philippe Schersach, dee fir déi scho bal helleg Kniddelen am Restaurant responsabel ass, ass mat op Uespelt geplënnert. “Hie kennt dat gutt Rezept vun der Bom”, sou d’Carole Reger, déi selbstverständlech och RTL géigeniwwer net verréit, wat hir Kniddele sou besonnesch gutt maachen. “Mir hunn näischt un der Kniddel selwer changéiert, mir hu just op eemol ugefaangen, nei Kreatiounen deemools ze gemaach. Mir hunn d’Kniddel iergendwann gesinn, wéi eng Zort ‘Lëtzebuergesch Nuddel’ ”.
D’Kreatioune gi vun traditionelle Kniddele mat Speck a Ram, iwwer zu Kniddele mat Tomatenzooss, Geméis fir d’Vegetarier oder Wäinzoossiss, bis hin zu Kniddele mat Wëld, Scampien, Mullen oder souguer mat Rouladen respektiv mat Kéis gratinéiert... An op een et gleeft oder net, souguer eng Zalot mat Kniddele kritt een zu Uespelt. Am Kraeltgen gi Kniddelen, wéi ee mierkt, definitiv eescht geholl, d’Potential vun der Lëtzebuerger Spezialitéit gouf scho fréi erkannt. Hei kritt een “The Real Deal”, fir et op de Punkt ze bréngen, dat mierkt een als Client relativ séier. Gläichzäiteg ass d’Experimentéier-Laun am Betrib ganz héich, sou wéi dat scho virdrun och zu Contern de Fall war.
De Philippe Schersach, de Kach am Restaurant, betount dann och, wat fir eng Freed et ass, dass därmoosse vill Leit seng Kniddelen esou gär hunn, an dass sou dacks fir si ofgestëmmt gouf. Op Nofro hin, huet hien eis da verroden, dass virun allem d’Klassiker, also d’Kniddele mat Speck, an d’Kniddele mat Ram a Speck, sou wéi och d’Kniddele mat Wäinzoossiss déi kloer Favoritte bei de Cliente sinn. Wat och gutt leeft, wieren déi gratinéiert Kniddelen, dat souguer am Summer, wann et an sech scho bal ze waarm fir sou e schwéiert Iessen wier, mengt op alle Fall de Kach. Ma d’Leit géifen se einfach gären iessen...
Iwwert de Succès vum Restaurant brauch ee sech also fir d’Zukunft, wéi ee mierkt, keng Gedanken ze maachen. D’Clientèle ass an de Joren einfach enorm grouss ginn an hält dem Kraeltgen zënterhier trei d’Staang. En Zeechen, dass een hei ganz kloer eppes richteg mécht. Dëst huet sech och kloer an eisem Voting erëmgespigelt, déi éischt Plaz geet ouni Zweiwel op Uespelt. Klengen Tipp: Wien d’Gewënner-Kniddele wëll probéieren, muss sech bäimaachen an am Viraus reservéieren, fir eng Plaz ze kréien.
Gratulatioun un déi ganz Ekipp vun “Am Kraeltgen” fir déi verdéngten 1. Plaz an eisem Ranking.
Ouverture vum Restaurant: Januar 2023
Adress: 60 Rue Waassertrap, 4408 Bieles
Beléiftste Kniddelen: Kniddele mat Ram, Speck an Äppelkompott
Pluspunkt: exzellenten, authenteschen an eemoleg gudde Service, schéinen a modernen Interieur an eng gemittlech Atmosphär
D’Madame Witzeg ass e relativ neie Restaurant, dee sech dann dach vun anere Restauranten ofhieft. Hei handelt et sech nämlech an sech ëm en Atelier d’Inclusioun professionell, an deem Leit mat enger Beanträchtegung schaffen a sech ëm d’Clientë këmmeren, sief et am Service oder an der Kichen. Ënnert anerem ginn och Kniddelen zerwéiert, déi reegelméisseg ëmmer nees op der Kaart stinn, wéi eis d’Manon Arent, Direktiounsbeoptraagt vum Restaurant “Madame Witzeg” verréit.
D’Trisomie 21 asbl huet dës Initiativ deemools an d’Liewe geruff, fir esou Aarbechtsplaze fir hir Memberen ze schaffen. E Projet deen haut, zwee Joer no der Ouverture, exzellent leeft, och wann de Start duerch Covid an d’Sich no der gëeegenter Lokalitéit deels verréckelt gouf. „Mir waren dunn awer ëm sou méi frou, dass mer virun zwee Joer konnten opmaachen“, sou d’Manon Arent.
Si betount, dass d’Kaart méi iwwersiichtlech ass wéi an anere Restauranten an all dräi Mäint nees ännert: “Op der leschter Kaart déi mer haten, waren ebe Kniddelen drop, déi sinn ëmmer nees drop, och Mol als Suggestioun, an déi si gutt gelaf“. Hei heescht et also nofroen, ob d’Kniddelen am Moment op der Kaart stinn, sollt ee wierklech nëmmen dowéinst kommen. Hei sief awer kloer gesot, dass de Besuch an dësem eenzegaartege Restaurant zu Bieles virun allem wéinst dem authentesche Service, dem léiwe Personal an dem exzellenten Iessen derwäert ass... och wann d’Kniddele Mol eng Kéier net um Menü stinn. En absolutte Geheimtipp, wann een am déiwe Minett wunnt oder ënnerwee ass.
Ouverture vum Restaurant: 1908
Adress: 24 Rue de Luxembourg, 4391 Steebrécken
Beléiftste Kniddelen: Kniddele mat Speck a Ram, Kniddele mat Speck a Ram als Gratin
Pluspunkt: Extreem vill Plaz, fir ganz grouss Gruppen u Leit exzellent gëeegent, authenteschen an traditionelle Flair, grouss Keelebunnen
De Begrëff “Institutioun” gëtt dacks fir e Restaurant genotzt, dee scho laang dobäi ass, a sech am Laf vun de Joren eng grouss Clientèle opgebaut huet. Och de Kult-Status spillt hei jee nodeem eng Roll. Wann ee Restaurant an eiser Lëscht dës Bezeechnung verdéngt huet, dann ass dat kloer de “Beim Kueb” zu Steebrécken. Zënter 1908, also zënter ronn 117 Joer gëtt et dëse Gastronomie-Betrib. Wat de Kueb bei vill Leit wuel wierklech ausmécht, ass déi “ureg” a gemittlech Atmosphär, de Begrëff “Bope-Bistro” géife Verschiddener dofir benotzten. Eben eng Plaz, op där ee sech wuel fillt, exzellent Keele spille kann a virun allem e gudde Maufel z’iessen zerwéiert kritt, dat och iwwert d’Kniddel eraus. Uewenop ass dann nach en neien, méi modernen Deel vum Kueb, wou een dann an enger e wéineg anerer Atmosphär méi roueg kann iessen.
D’Konzept vum Gerant a Kichechef Daniel Neiertz, deen de Familljebetrib an der 4. Generatioun elo scho bedreift, geet kloer op. Eleng de Bekanntheetsgrad vum Kueb am Land, a wéi vill Leit dem Restaurant zënter Joerzéngten trei sinn, schwätze Bänn a ginn dem Konzept einfach Recht. “Ganz am Ufank, wéi d’Famill heihinner geplënnert ass, war et e Bauerebetrib, mat just engem klénge Café, ufanks nach mat Danzmusek vu mengem Papp. Lues a lues ass de Bauerebetrib verschwonnen an ech hunn iergendwann e Restaurant draus gemaach.”
Och wann en haaptsächlech fir seng Cordon-bleuen a Päerdsfilete bekannt war an ass, Kniddele géif een der mëttlerweil vill verkafen, well se einfach esou beléift sinn, erzielt eis den Daniel Neiertz. Et hätt een Enn der Woch “en décken Aarm” vum Kniddel-Deeg maachen. 12 Zorte stinn op der Kaart, eng riseg Auswiel, an där och ëmmer Mol nees saisonal nei Kreatioune kënnen opdauchen, wéi mat Tomate gefëllte Kniddelen a Parma-Ham. De Geheimtipp vum Restaurant an och e Renner bei de Cliente si kloer déi gratinéiert Kniddelen, sou nach den Daniel.
No iwwer 100 Joer Bestoen, huet de “Beim Kueb” definitiv eng Plaz an eisen Top 3 verdéngt, Gratulatioun!
Ouverture vum Restaurant: Juli 2016
Adress: 20 Quai de la Moselle, 5553 Réimech
Beléiftste Kniddelen: Kniddele mat Speck a Ram, Kniddele mat Wäinzoossiss
Pluspunkt: Zentral Lag zu Réimech, schéi Vue op der Terrasse, et gi verschidde Soiréeë mat Kniddelen à Volonté
Fir d’Plaz 4 verschléit et eis dann un d’Musel an den Oste vum Land, nämlech op Réimech. Matten am Zentrum, net wäit vun der Esplanad, mécht den “Um Schëff” den Eck. Definitiv net z’iwwersinn, wann een zu Réimech ass. Dem Maurice Neuser, Patron an och Kichechef, gehéiert den “Um Schëff” (an iwwregens och den “D’Brutzel Schëff” direkt niewendrun), dat zesumme mat sengen Associéeën Timo Studer an Dan Studer.
Hie freet sech natierlech immens, dass een eng 4. Plaz konnt am Ranking erreechen. Hie géif och mierken, dass vill Leit extra bei si géife kommen, fir Kniddelen z’iessen. Virun allem wann d’Summerdeeg ofhuelen an et nees méi kal gëtt, klammen d’Bestellungen nach eemol däitlech, ma am Fong géifen se ëmmer gutt lafen. Och am “Um Schëff” ginn et eng ganz Rei verschidden Zorten op der Kaart, de Choix huet da schlussendlech de Client. Wéi eis de Maurice Neuser erzielt, géifen och Mol Soiréeën organiséiert ginn, op deenen et Kniddelen à Volonté bei hinne gëtt. Hei si 7 bis 8 verschidde Kniddel-Zorten an engem Owend keng Ausnam.
“D’Rezept vun de Kniddelen ass jo bekannt am ganze Land, d’Rezept selwer ass zimmlech klassesch. Ech hunn 1 bis 2 Geheimnisser dran am Deeg, déi ech och net soen. All Mënsch huet ebe sou seng Secreten dran, fir dass den Deeg nach méi fluffeg gëtt... Mä d’Base ass einfach”, sou de Maurice, aus deem wärend eisem Gespréich näischt a punkto Kniddel-Geheimtipp erauszekréie war. Wie se teste wëll, muss da bis op Réimech, mä et schéngt jo, wéi wa sech d’Rees un déi schéi Musel eleng heivir scho géif lounen.
Ouverture vum Restaurant: Summer 2015
Adress: 10 Pl. de la Libération, 9255 Dikrech
Beléiftste Kniddelen: Kniddele mat Wäinzoossiss, Kniddele mat Ram a Speck, gebrode Kniddelen
Pluspunkt: Zentral a roueg Lag matten an Dikrech, grousse Restaurant, grouss Portiounen, Kniddele mat Chorizo a Poulet
An och eng Plaz am Norde vum Land huet et an eis Top 5 gepackt, nämlech d’Dikkricher Stuff, op der Place de la Libératioun, schéi prominent a roueg, matten an Dikrech. Vu baussen huet et den Androck vun engem klengen, léiwen, scho bal onscheinbare Café, ma wann een erakënnt, mierkt een direkt, dass een hei an engem modernen, groussen a liewege Bistro/Restaurant ass, an deem een e gudden Owend wäert hunn a sech gemittlech eppes vum Rocco aus der Kichen z’iesse bestelle kann.
Eppes dat och zënter Jore schonn an der “Dikkricher Stuff” zerwéiert gëtt an dat och mat groussem Succès, sinn d’Kniddele vum Kichechef Rocco, deen zu Recht houfreg op déi ass. D’Jennifer Azevedo, d’Responsabel vum Restaurant/Bistro verséchert eis am Gespréich, dass d’Kniddelen definitiv déi Plate sinn, déi am meeschten aus der Kichen un den Dësch wanderen. Och hei ginn et déi klassesch Variatiounen, awer och speziell Kreatioune wéi Kniddele mat Champignonen,mat Filet de bœuf oder eise Geheimtipp: mat Chorizo a Poulet .
An och d’Portiounen hei hunn et a sech. Wie sou richteg Honger huet a fäert, net genuch ze kréien, deen ass zu Dikrech an der Stuff op der richteger Adress. Well d’Kniddele mat Wäinzoossiss an de leschte Jore sou beléift gi sinn (eben d’Kombinatioun aus zwou Lëtzebuerger Spezialitéiten), hu mer de Kach, de Rocco, gefrot, wat fir hien dëse Plat sou gutt mécht. Hei wier et natierlech d’Moschterzooss, déi vill zum Plat géif bäidroen: “E gudden, qualitative Moschter mat Kären dran an net ze vill Ram”, sou den Tipp vum Haus. A an O fir hire Restaurant wier awer grondsätzlech, dass alles géif sou wäit et geet vun Hand gemaach ginn. D’Resultat ka sech op alle Fall weise loossen. D’"Dikkricher Stuff” ass ganz kloer eng Rees op Dikrech derwäert a verdéngt wäit uewen am Ranking.
Start vum Verkaf vun de Kniddelen: 2010
Adress: Op der Brillplaz zu Keel wärend der Fête de la musique am Juni
Beléiftste Kniddelen: Kniddele mat Ram a Speck
Pluspunkt: Wärend deem ee seng Kniddele bestellt a genéisst, kritt ee gratis Live-Musek gebueden an eng grouss Pan, déi direkt an d’A fält
Hei ware mer e wéineg am Zwiispalt, hunn eis awer decidéiert, de Kanner- a Jugendtheaterveräin, deen 2007 gegrënnt gouf, mat an de Ranking ze huelen. Op der enger Säit krute si nämlech de Stëmmen no ganz kloer déi 4. Plaz, zesumme mam “Um Schëff”, op der anerer Säit verkeeft de Veräin och tatsächlech Kniddelen an dat net ze mann... allerdéngs just un zwee Deeg am Joer, nämlech am Juni wärend der Fête de la musique op der Brillplaz zu Keel. Dohier och dës speziell Positioun, well d’Artistekëscht Kayl/Téiteng et ganz einfach verdéngt huet, d’Leit se massiv gewielt hunn, ma ee just net dacks d’Geleeënheet kritt, d’Kniddelen ze schmaachen.
Zënter ronn 15 Joer ass een als Theaterveräin bei der Fête de la musique zu Keel dobäi. Ufanks huet ee gegrillt a Panescher gemaach, du koum op eemol d’Iddi, fir Kniddelen ze maachen, fir en Twist eranzebréngen. “D’Ingredienten hu jo net vill geännert, et si quasi déi selwecht wéi fir d’Panescher”, erzielt eis d’Regisseurin vun der Artistekëscht Josiane Becker, déi vun Ufank un dobäi ass. Deemools huet ee sech nach eng riseg grouss Pan misse léinen, fir d’Kniddelen dran ze broden, haut hätt ee mëttlerweil eng eegen. D’Leit goufe vun Ufank un duerch déi grouss Pann automatesch op de Stand opmierksam gemaach an ugezunn, de Succès war séier garantéiert. Mëttlerweil mécht d’Artistekëscht tëscht 90 an 100 Kilo Kniddelen, wuelgemierkt an zwee Deeg. Hei muss natierlech alles am Virfeld preparéiert ginn. Mat Ram a Speck a just mat Ram fir d’Vegetarier, dat sinn déi zwou Varianten, déi ee kritt, optional dann nach mat Äppelkompott dobäi oder mat Maggie, ebe bal wéi doheem.
Wien d’Kniddele wëll probéieren, deen huet iwwregens geschwënn nees d’Geleeënheet, nämlech den 21. an 22. Juni zu Keel op der Fête de la musique op der Brillplaz. Wien deen Datum verpasst, muss sech dann nees e Joer gedëllegen.





*D’Placéierungen 12, 14 a 17 gi sech all Kéiers vun 2 respektiv 3 Restauranten gedeelt, well hei déi exakt nämmlecht Unzuel u Stëmmen erakoumen. Liicht iwwer 1.000 Persounen hu beim Voting matgemaach.
RTL-Readers’ Choice: Beschte Sushi
RTL-Readers’ Choice: Bescht Pizza
RTL-Readers’ Choice: Beschte Kebab
RTL-Readers’ Choice: Beschte portugiesesche Restaurant