
Zënter dem 15. Oktober 2022 huet de Restaurant den Agrement als Atelier d’inclusion professionnelle a vun e Méinden 23. Januar u kann een ënnert der Woch mëttes do iessen. Aacht Persoune mam “Statut de travailleur handicapé” kënnen hei enger bezuelter Aarbecht nogoen oder e Stage maachen, fir ze kucken, ob e Restaurant eng Aarbechtsplaz ass déi hinne gefält.
Hei gi si alles ronderëm d’Gastronomie geléiert a packen dann iergendwa vläicht de Schrëtt an de fräien Aarbechtsmarché. D’Ekipp am Restaurant ass eng Mëschung aus verschiddene Beruffsgruppen. Et schaffe souwuel Leit mat enger kognitiver Aschränkung wéi och Educateuren a Käch do.
Dat Eenzegt, wat fir de Client anescht ass, wéi a soss de meeschte Restauranten, ass de Bestell-System. Op engem Bestellschäi muss een ukräizen, wat een iesse wëll, esou kann all Mataarbechter d’Commande ophuelen, egal ob e schreiwe kann oder net. Et war en laange Wee bis d’Ouverture vum Restaurant. Fir den Agrement als Atelier d’inclusion professionnelle ze kréien, musse vill verschidde Krittären erfëllt sinn. Ënnert anerem e pedagogescht Konzept, e Rouraum an de Restaurant muss accessibel si fir jiddereen.
Als unerkannten Atelier kréie si Ënnerstëtzung vum Familljen- an Aarbechtsministère. Fir de Start huet de Restaurant Madame Witzeg awer och e Crowdfunding initiéiert.
Et ass net den éischte Restaurant, deen als Atelier d’inclusion professionnelle funktionéiert. Hei kritt Dir en Iwwerbléck, wéi eng Atelieren et hei am Land ginn!